Mierfdeeg

Vu Wikipedia

Mierfdeeg, och Knieddeeg, ass eng Zort Deeg dee fest ass. E geet net op, well gemenkerhand keen Dreifmëttel drakënnt, op d'mannst net wann den Deeg dënn ausgerullt gëtt.

Als éischt gëtt Fett (Botter, Margarine oder Schmalz) mam Miel verkniet, an enger Proportioun 1:2. Doduerch kritt de Mielstëbs eng kleng Fettschicht an entwéckelt manner Gluten. Et däerf een awer och net ze laang knieden, well soss zitt sech dat bësse Gluten wat sech awer bilt an d'Längt an den Deeg gëtt haart, amplaz liicht a brécheg.

Wann den Deeg net neutral oder gehäerzt, mä séiss sollt ginn, da kann ee par Rapport zum Miel en Drëttel Zocker mat drënnerginn.

Duerno gëtt den Deeg duerch e bësse kal Flëssegkeet gebonnen, dat ka Waasser oder Mëllech sinn, heiansdo ass och en Ee mat dobäi.

Mierfdeeg gëtt geholl fir Kichelcher a Quichen. Als Stabiliséierung vum Buedem kënnt en och a verschidde Kuchen.