Migratioun zu Lëtzebuerg

Vu Wikipedia

D'Migratioun ass e Phenomeen, dat et scho sou laang gëtt wéi de Mënsch selwer. Am 20. Joerhonnert gouf d'Groussherzogtum Lëtzebuerg vun e puer Immigratiouns- an Emigratiounswellen erfaasst.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

De Statut vu Lëtzebuerg als Immigratiouns- oder Emigratiounsland huet sech am Laf vun der Zäit verännert. Virun allem zënter dem Enn vum Zweete Weltkrich, am Joer 1945, ass Lëtzebuerg haaptsächlech en Immigratiounsland.

Migratioune virun 1945[änneren | Quelltext änneren]

Virun 1945, war Lëtzebuerg virun allem en Emigratiounsland. Dat spigelt sech an den Zuelen zeréck, déi vum STATEC publizéiert goufen.

Entwécklung vun der Migratioun[1]
Joer 1891 1900 1910 1920 1930 1940
-423 +1368 -637 -2530 +2533 -6339

Déi Zuele loossen déi grouss Tendenzen an der lëtzebuergescher Migratiounsgeschicht erkennen. Dësen Tableau reflektéiert allerdéngs net datt am Laf vum 19. Joerhonnert vill Lëtzebuerger an d'USA ausgewandert sinn, mat der Hoffnung op e bessert Liewen. Am Buch Itinéraires croisés. Luxembourgeois à l'étranger, étrangers au Luxembourg, geet de Jean-Claude Muller dovun aus, datt ongeféier 76 000 Lëtzebuerger tëscht 1849 an 1935 an Nordamerika ausgewandert sinn.[2]

Em d'Joer 1900 war et virun allem de Stolsecteur an der Minettsgéigend, dee vill auslännesch Aarbechter op Lëtzebuerg gelackelt huet.[3] Et ware virun allem Italieener, déi keng Qualifikatioun haten, an däitsch Ingenieuren déi op Lëtzebuerg koume fir am Stolsecteur ze schaffen.[4] D'Emigratioun vun 1920 léisst sech mat den Konsequenzen vum Éischte Weltkrich erklären, an der erschwéierter Situatioun fir sech ze deplacéieren. Déi enorm Croissance, vun de Joren 1921-1930, léisst sech virun allem mat dem Boom am Stolsecteur erklären an der doduerch entstanener gudder Wirtschaftssituatioun.[5] D'Zeréckkommen op de Statut vun engem Emigratiounsland, an de Joren 1931-1940, léisst sech duerch e puer Fakteuren erklären:

  • Weltwirtschaftskris am Joer 1929.
  • Emigratioun vun de lëtzebuerger Judden am Virfeld vum Zweete Weltkrich.
  • Ufank vum Zweete Weltkrich a Besetzung vun Lëtzebuerg den 10. Mee 1940 vun Truppe vun Nazi-Daitschland, an déi doduerch ausgeléist Emigratiounswell an Frankräich.

Et ass héi och nach interessant unzemierken, datt 1940 déi éischte Kéier zënter 1891 war, datt et ee Réckgang an der Gesamtpopulatioun gouf. Am Joer 1940 hunn 6 782 Persoune manner zu Lëtzebuerg gewunnt ewéi nach 10 Joer virdrun, also 1930.[6]

Migratiounen no 1945[änneren | Quelltext änneren]

Awanderung tëscht 1950 an 2015[7]
1950 1960 1970 1980 1990 2000 2010 2011 2012 2013 2014 2015
1123 538 1043 1359 3942 3431 7849 11004 10036 10348 11049 11159

Zanter 1945 ass Lëtzebuerg éischter een Immigratiounsland ewéi een Emigratiounsland.

No 1945 war et virun allem d'Rekonstruktioun vum zerstéierte Lëtzebuerg, virun allem am Norde vum Land, wou bei der Ardennenoffensiv vill zerstéiert gouf, déi fir d'Schafe vun neien Aarbechtsplaze gesuergt huet.

Wärenddeems am Ufank vum 20. Joerhonnert virun allem italieenesch Männer op Lëtzebuerg schaffe koumen, sou hie si vun de 50er Joren un och hir Famill mat op Lëtzebuerg bruecht, wat heescht, datt an de 50er Joren déi italieenesch Immigratioun sech an eng Familljenimmigration verwandelt huet. Déi italieenesch Immigratioun sollt nach bis an d1960er Joren daueren.[8] Am Joer 1964 koumen déi éischt Portugisen op Lëtzebuerg. Am Mee 1970 signéiert Lëtzebuerg en “Accord de main-d'oeuvre” mat Portugal, a säitdeem si virun allem Portugisen op Lëtzebuerg komm, déi och hir Famill mat an de Grand-Duché bruecht hunn.[9] Wann am Joer 1960 nëmmen 1 100 portugisesch Migranten am Land ware sou waren et der scho ganzer 82 400 am Joer 2011.[10] Sou koum et dann och dozou datt vun do un d'Italieener net méi déi féierend auslännesch Communautéit zu Lëtzebuerg waren, mä d'Portugisen. Allerdéngs koumen net nëmme Migranten aus der Europäescher Unioun an de Grand-Duché. Am Joer 2010 louch den Taux vun Migrante mat EU-Ofstamung zu Lëtzebuerg bei 86%, wärend d'Moyenne vun allen EU Länner zesummen bei ongeféier 40% louch. Dat heescht 2010 ware 14 % vun den Immigranten zu Lëtzebuerg aus engem net EU Land immigréiert.[11]

Nodeems de lëtzebuerger Stolsecteur an den 1970er/1980er Jore vun enger Kris erfaasst gi war, an d'Regierung huet missen intervenéiere fir d'Arbed ze retten, war et virun allem de Wirtschaftssecteur, deen nei Aarbechtsplazen geschaf huet. D'Banken, d'Assurancen an d'Bourse hunn nei Migranten op Lëtzebuerg gezunn, a sou ass de Bankesecteur zu engem vun deene wichtegsten Standbeen vun der Lëtzebuerger Wirtschaft ginn. Allerdéngs goufen et och Leit, déi aus aneren Grënn op Lëtzebuerg komm sinn. Esou koumen och Migranten op Lëtzebuerg, déi wéinst der politescher Situatioun an hirem Heemechtsland hu misse flüchten, oder well an hirem Heemechtsland Krich ausgebrach ass. Dëst ass net nëmmen an den 1990er Jore sou gewiescht, mä och en Aktualitéitssujet.[12] Dës béid Tatsaache losse sech beleeën, wann een an der Tabell d'Zuelen aus den 1980er/1990er Jore kuckt, esou wéi déi vun 2000. An dësen 30 Joer sinn iwwer 14 000 Leit op Lëtzebuerg komm an hei wunne bliwwen. Esou sinn als politesch Krisen a Kricher virun allem d'Kricher a Jugoslawien an am Kosovo ze nennen duerch déi Migranten op Lëtzebuerg komm sinn. Et waren dëst der z. B. fir d'Joer 1998 (also fir de Kosovokrich) am Ganzen 1 637 Migranten/Flüchtlingen aus Europa, déi politescht Asyl am Grand-Duché ugefrot hunn.[13]

Als Fazit kéint ee festhalen datt d'Immigratioun vun deenen Persounen, déi am 20. Joerhonnert an de Grand-Duché immigréiert sinn, virun allem wirtschaftlech a politesch motivéiert war.

Migratiounen an hir Aflëss[änneren | Quelltext änneren]

Migratiounen an hir Aflëss op d'Wirtschaft zu Lëtzebuerg

Den Haaptgrond fir d'Arrivée an d'Wunnebleiwe vu sou ville Migranten zu Lëtzebuerg tëschent 1960 an 2011 (et sinn dëser am Ganzen 175 000 Persounen) war virun allem d'Wirtschaft, déi floréiert huet; sief et am Stolsecteur an duerno am Bankesecteur bis hin zur Fuerschung an dem IT-Secteur.[14] Allerdéngs muss am Kader vun der Wirtschaft nach eng aner Zort vun Migratioun ernimmt ginn: nämlech déi Leit, déi am Volleksmond Frontaliere genannt ginn. D'Zuel vun de Leit aus der Groussregioun (Grande Région), déi am Dag op Lëtzebuerg schaffe kommen an owes nees heemfueren, ass an de leschte Jore konstant an d'Luucht gaangen.

Joer 1974 1980 1990 2000 2010 2015
Zuel vun de Frontalieren 11400 11900 35300 90300 151900 171100

Quell: STATEC / URL: http://www.statistiques.public.lu/stat/TableViewer/tableView.aspx?ReportId=12928&IF_Language=fra&MainTheme=2&FldrName=3&RFPath=92.

Ee vun de wichtegsten Impakter vun der Migratioun op Lëtzebuerg, ass den Afloss deen déi Leit op eise Pensiounssystem hunn, doduerch datt d'Zuel vun de Migranten, ewéi an den Tabelle beluecht ass, souwéi d'Zuel vun de Frontalieren ëmmer méi an d'Luucht geet, an déi Persounen hir Sozialcotisatiounen zu Lëtzebuerg ofginn. Esou geléngt et d'Pensiounskees eenegermoossen z'entlaaschten an d'Ekonomie op engem héijen Aktivitéitsniveau ze halen. Dat ass virun allem ëmsou méi wichteg, wann d'Zuel vun de Gebuerte réckleefeg ass.[15]

Migratiounen an hir Aflëss op d'Populatioun zu Lëtzebuerg

Doduerch datt d'Migranten zu Lëtzebuerg wunne bleiwen, a sou Residente ginn, beaflosse s'och d'Zuel vun de Gebuerten an d'Zesummesetzung vun der Lëtzebuerger Populatioun.

Joer 1967 1970 1980 1990 2000 2010
Total vun de Gebuerten 4957 4411 4169 4936 5723 5874
Lëtzebuergesch 3654 3143 2611 3284 2917 3029
Auslännesch 1303 1268 1558 1652 2806 2845

Quell: STATEC / URL: http://www.statistiques.public.lu/stat/TableViewer/tableView.aspx?ReportId=12869&IF_Language=fra&MainTheme=2&FldrName=2&RFPath=101.

Aus dëser Tabell ass gutt ersiichtlech, datt d'Zuel vun de lëtzebuerger Gebuerten enorm instabil an och réckleefeg ass. Dogéint huet d'Zuel vun den Gebuerte vun den auslännesche Résidenten d'Tendenz staark ze klammen. Esou huet d'Zuel vun de Gebuerte vun den Auslänner sech an enger Period vun knapps 45 Joer praktesch verduebelt, wärend d'Zuel vun de lëtzebuerger Gebuerten ëm ongeféier 15-20 Prozent zeréckgaangen ass.

Joer 1967 1970 1980 1990 2000 2010
Total vun de Stierffäll 4124 4154 4113 3773 3754 3760
Lëtzebuergesch 3770 3775 3749 3373 3207 3049
Auslännesch 354 379 364 400 547 711

Quell: STATEC / URL: http://www.statistiques.public.lu/stat/TableViewer/tableView.aspx?ReportId=12869&IF_Language=fra&MainTheme=2&FldrName=2&RFPath=101.

Aus dëser Tabell ass ersiichtlech, datt et virun allem Lëtzebuerger sinn, déi an de Joren 1967 bis 2010 verstuerwe sinn, wat dozou bäigedroen huet, datt den Undeel vun der lëtzebuerger Populatioun ëmmer méi kleng gëtt. Och wann dës Zuel u sech réckleefeg ass, an déi vun den auslännesche Bierger am Land klëmmt, esou sinn et virun allem d'Zuele vun de Gebuerte mat engem Migratiounshannergrond, déi d'Zuel vun der Populatioun am Grand-Duché klamme léisst. Dës Tatsaach huet an den 1970er Joren dozou gefouert datt d'Regierung Thorn-Vouel dem Gérard Calot, e franséischen Demograph an deemolegen Direkter vum INED (Institut national d'études démographiques), den Optrag ginn huet fir eng Analys vun der demographescher Situatioun vum Grand-Duché opzestellen. An sengem Rapport La démographie du Luxembourg. Passé, présent et avenir, stellt de Gérard Calot fest datt de Grand-Duché eng extreem Positioun occupéiert an de Beräicher vun der Féconditeit, der Mortalitéit, dem Alterungsprozess vun der Populatioun an der Migratioun.[16] Dëse sougenannte Rapport Calot huet no senger Publikatioun am Joer 1978 fir vill Diskussioune gesuergt. An an den 1990er Joren gouf den Gérard Calot eng zweet Kéier domat beoptraagt e Rapport iwwer d'Demographie vu Lëtzebuerg ze maachen, an deem hien erausfonnt huet, datt d'Situatioun vu Lëtzebuerg sech nach net gebessert hätt.

Nieft dem Afloss vun den Migratiounen op déi lëtzebuergesch Demographie, däerf een awer och net vergiessen, datt déi Migratiounen och vum kulturelle Standpunkt eng Beräicherung fir Lëtzebuerg waren, an nach ëmmer sinn.

Bibliographie[änneren | Quelltext änneren]

Literatur

  • Calot, Gérard, La démographie du Luxembourg. Passé, présent et avenir, Luxembourg: STATEC, 1978.
  • Cordeiro, Albano, L'immigration au Luxembourg dans le dernier quart du siècle dernier, in: MONTEBELLO, Fabrice (dir.), Un siècle d'immigration au Luxembourg. Actes du colloque organisé par le CLAE, in: Passerelles Nr. 22, Thionville: Passerelles, 2001, p. 93-100.
  • Muller, Jean-Claude, “Es ist ein andres Leben in Amerika...”. Luxemburger Einwanderer im Melting-Pot (19. und 20. Jahrhundert), in: SCUTO, Denis et REUTER, Antoinette (dir.), Itinéraires croisés. Luxembourgeois à l'étranger, étrangers au Luxembourg, Esch-sur-Alzette: Polyprint, 1995, p. 124-128.
  • Oltmer, Jochen, Globale Migration. Geschichte und Gegenwart, München, 2012.
  • Scuto, Denis, Historiographie de l'immigration au Luxembourg, in: Hémecht 3/4 (2008), p. 391-413.
  • Scuto, Denis et REUTER, Antoinette (dir.), Itinéraires croisés. Luxembourgeois à l'étranger, étrangers au Luxembourg, Esch-sur-Alzette: Polyprint, 1995.
  • Scuto, Denis, Emigration et immigration au Luxembourg aux XIXe et XXe siècles, in: SCUTO, Denis et REUTER, Antoinette (dir.), Itinéraires croisés. Luxembourgeois à l'étranger, étrangers au Luxembourg, Esch-sur-Alzette: Polyprint, 1995, p. 24-28.
  • Wictor, Jean-Paul, D'un rapport Calot à l'autre, in: Forum Nr. 137 (Juli 1992), p. 36-44.
  • Zahlen, Paul, Le Luxembourg 1960-2010. 50 ans de migrations. Luxembourg 2012. URL : http://www.statistiques.public.lu/catalogue-publications/luxembourg/2012/PDF-12-12.pdf.

Dictionnaire

  • Gaffiot, Félix, Gaffiot de poche. Dictionnaire latin français, Paris: Hachette, 2001.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. STATEC
  2. Muller, Jean-Claude, “Es ist ein andres Leben in Amerika...”. Luxemburger Einwanderer im Melting-Pot (19. und 20. Jahrhundert), in: Scuto, Denis et Reuter, Antoinette (dir.), Itinéraires croisés. Luxembourgeois à l'étranger, étrangers au Luxembourg, Esch-sur-Alzette: Polyprint, 1995, p. 128.
  3. Scuto, Denis, Emigration et immigration au Luxembourg aux XIXe et XXe siècles, in: Scuto, Denis et Reuter, Antoinette (dir.), Itinéraires croisés. Luxembourgeois à l'étranger, étrangers au Luxembourg, Esch-sur-Alzette: Polyprint, 1995, p. 25.
  4. Cordeiro, Albano, L'immigration au Luxembourg dans le dernier quart du siècle dernier, in: Montebello, Fabrice (dir.), Un siècle d'immigration au Luxembourg. Actes du colloque organisé par le CLAE, in: Passerelles Nr. 22, Thionville: Passerelles, 2001, p. 96.
  5. Scuto, Denis, Emigration et immigration au Luxembourg aux XIXe et XXe siècles, in: Scuto, Denis et Reuter, Antoinette (dir.), Itinéraires croisés. Luxembourgeois à l'étranger, étrangers au Luxembourg, Esch-sur-Alzette: Polyprint, 1995, p. 26.
  6. [ http://www.statistiques.public.lu/stat/TableViewer/tableView.aspx?ReportId=12868&IF_Language=fra&MainTheme=2&FldrName=2&RFPath=101; Mouvements naturel et migratoire de la population 1891- 2015] in STATEC: Mouvements naturel et migratoire de la population 1891- 2015 2016
  7. Statec
  8. Cordeiro, Albano, L'immigration au Luxembourg dans le dernier quart du siècle dernier, in: MONTEBELLO, Fabrice (dir.), Un siècle d'immigration au Luxembourg. Actes du colloque organisé par le CLAE, in: Passerelles Nr. 22, Thionville: Passerelles, 2001, p. 97.
  9. CORDEIRO, Albano, L'immigration au Luxembourg dans le dernier quart du siècle dernier, in: MONTEBELLO, Fabrice (dir.), Un siècle d'immigration au Luxembourg. Actes du colloque organisé par le CLAE, in: Passerelles Nr. 22, Thionville: Passerelles, 2001, p. 98+99.
  10. ZAHLEN, Paul, Le Luxembourg 1960-2010. 50 ans de migrations. Luxembourg 2012. URL : http://www.statistiques.public.lu/catalogue-publications/luxembourg/2012/PDF-12-12.pdf , p. 2 (Site konsultéiert den 8. Dezember 2016).
  11. ZAHLEN, Paul, Le Luxembourg 1960-2010. 50 ans de migrations. Luxembourg 2012. URL : http://www.statistiques.public.lu/catalogue-publications/luxembourg/2012/PDF-12-12.pdf , p. 5 (Site konsultéiert den 8. Dezember 2016).
  12. Scuto, Denis, Emigration et immigration au Luxembourg aux XIXe et XXe siècles, in: Scuto, Denis et REUTER, Antoinette (dir.), Itinéraires croisés. Luxembourgeois à l'étranger, étrangers au Luxembourg, Esch-sur-Alzette: Polyprint, 1995, p. 28.
  13. Demandes de protection internationale par pays d'origine 1998-2015 in STATEC: Demandes de protection internationale par pays d'origine 1998 - 2015 2016
  14. ZAHLEN, Paul, Le Luxembourg 1960-2010. 50 ans de migrations. Luxembourg 2012. URL : http://www.statistiques.public.lu/catalogue-publications/luxembourg/2012/PDF-12-12.pdf , p. 4 (Site konsultéiert den 8. Dezember 2016).
  15. WICTOR, Jean-Paul, D'un rapport Calot à l'autre, in: Forum Nr. 137 (Juli 1992), p. 37.
  16. CALOT, Gérard, La démographie du Luxembourg. Passé, présent et avenir, Luxembourg: STATEC, 1978, p. 3.