Mihai Răzvan Ungureanu

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Mihai Razvan Ungureanu)
Mihai Răzvan Ungureanu
Gebuer 22. September 1968
Iași
Nationalitéit Rumänien
Aktivitéit Diplomat, Historiker, Universitéitsprofesser, Politiker

De Mihai Răzvan Ungureanu, gebuer den 22. September 1968 zu Iași, ass e rumänesche Politiker an Historiker. Hie war vum 29. Dezember 2004 bis den 12. Mäerz 2007 rumäneschen Ausseminister. Den 9. Februar 2012 huet d'rumänescht Parlament hien zum Ministerpresident vu Rumänien gewielt.[1] Mä schonn knapps dräi Méint drop, de 27. Abrëll 2012, gouf seng Regierung duerch e Mësstrauensvote no Kontroversen iwwer Spuermoossname gestierzt.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Den Ungureanu huet op der Fakultéit fir Geschichtswëssenschaft a Philosophie op der Universitéit Alexandru Ioan Cuza Iași studéiert (Spezialisatioun: Geschicht vum Juddentum). Duerno war en tëscht 1998 an 2001 Staatssekretär am Ausseministère a vun 2003 bis 2004 delegéierte Coordinateur vun der South East European Cooperation Initiative (SECI) zu Wien.

Als Member vun der National-Liberaler Partei (Partidul Național Liberal), gouf en den 29. Dezember 2004 Ausseminister. De 4. Februar 2007 ass en zeréckgetrueden wéinst enger Affär vun zwéi Rumänen, déi am Irak festegeholl gi waren, an déi vun den Amerikaner virgeworf kritt haten, si wiere Spioune gewiescht.[2] Doropshin gouf den Ungureanu Direkter vum rumänesche Geheimdéngscht Serviciul de Informații Externe. Dat selwecht Joer krut hien eng Professur fir modern rumänesch Geschicht op der Universitéit Bukarest.

Nom Récktrëtt vun der rumänescher Regierung, ufanks 2012, gouf hie vum rumänesche President Traian Băsescu domat chargéiert, eng Regierung ze forméieren.[3] Den 9. Februar 2012 gouf den Ungureanu vum rumänesche Parlament mat 237 zu 2 Stëmmen zum Ministerpresident gewielt. Mä schonn knapps dräi Méint drop, de 27. Abrëll 2012, gouf seng Regierung duerch e Mësstrauensvote no Kontroversen iwwer Spuermesurë gestierzt.

De Mihai Răzvan Ungureanu ass bestuet an huet ee Jong.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Mihai Răzvan Ungureanu – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Karl-Peter Schwarz: Boykott der Opposition: Ungureanu neuer Ministerpräsident von Rumänien; Frankfurter Allgemeinen Zeitung vum 9. Februar 2012.
  2. Folgenreicher Machtkampf in Rumänien: Aussenminister Ungureanu zum Rücktritt gezwungen; Neue Zürcher Zeitung vum 6. Februar 2007
  3. Rumänischer Geheimdienstchef soll Ministerpräsident werden; Zeit-Online vum 7. Februar 2012.