Mijas

Vu Wikipedia
Mijas, eng Stad am Hank
Mijas, Plazza de Toros an Arena
Mijas, eng enk Gässel

Mijas ass eng Uertschaft a Gemeng an der spuenescher Regioun Andalusien. Si ass eng vu den 100 selbststännege Gemengen vun der Provënz Málaga.

D'Stad Mijas huet 64.288 registréiert Awunner (Stand: 2007), déi sech op eng Fläch vu 149 km² verdeelen. Dat entsprécht 431,5 Awunner pro km². Well et a Spuenien (wéi an England) keng gesetzlech Virschrëft gëtt, fir sech unzemellen, ass d'Zuel vun den Awunner a Wierklechkeet awer méi héich. Dat trëfft besonnesch fir d'Auslänner zou, déi do wunnen. D'Briten stinn op der éischter Plaz, gefollecht vun den Däitschen, Skandinavier, asw.. D'Awunner vu Mijas disposéieren pro Kapp iwwer dat hëchst Akommes vun de Gemenge vun der Costa del Sol. Offiziell Sprooch ass Spuenesch (Kastilianesch).

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Mijas läit ongeféier 565 Kilometer vun der spuenescher Haaptstad Madrid ewech un der Südküst vun der ibeerescher Halllefinsel, 30 Kilometer südwestlech vu Málaga un der Costa del Sol. D'Gemeng erstreckt sech vun der südlech geleeëner Küst bis zu der Sierra de Mijas am Norden. Nopeschgemenge sinn am Weste Marbella an Ojén, am Norde Coín, Alhaurín el Grande an Alhaurín de la Torre, an am Oste Benalmádena a Fuengirola.
D'Uertschaft ass bekannt wéinst senger idyllescher Lag a senge wäissen Haiser an Hotellen, déi wéi un e Bierg gepecht wierken.
Den historesche Kär, d'Stad Mijas (Mijas Pueblo), läit am Nordoste vun der Gemeng, um Fouss vum 1.150 Meter héije Bierg mam selwechten Numm op enger mëttelster Héicht vu 428 Meter iwwer dem Mieresspigel.

Tourismus[änneren | Quelltext änneren]

Duerch seng Lag an der Noperschaft vun de bekannten Touristenuertschaften op der Costa del Sol, tëscht Torremolinos a Marbella, ass Mijas eng beléift Destinatioun fir Ausflich vun engem Dag.

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

  • Musée: Am Musée vu Mijas gëtt et en nogebaute Raum, wou de Buergermeeschter vu Mijas, Manuel Cortés, sech am Biergerkrich bis zum Zäitpunkt vun der Amnestie (1969), virun de Franco-Unhänger, verstoppt huet,
  • Stéierkampf-Arena,
  • Seng enk Stroossen a Gässelen,
  • Seng Haaptkierch,
  • Seng Ieselstaxiën.

Fotoen[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Mijas – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

Dësen Artikel inspiréiert sech respektiv ass eng Iwwersetzung vum Artikel iwwer Mijas an der däitscher Wikipedia