Mike Welter

Vu Wikipedia
Mike Welter
De Mike Welter 1985 am Rollship zu Diddeleng
Gebuer 22. Dezember 1964
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Speaker, Disk Jockey

De Mike Welter, och bekannt als DJ Mike MC, gebuer den 22. Dezember 1964 zu Lëtzebuerg, ass e fréiere Radiomoderator, DJ, Rapper a Produzent.

Karriär[änneren | Quelltext änneren]

Den DJ Mike MC 1978 am Keller zu Beetebuerg
Als DJ bei Eldoradio
Cover vun der Single ONE
Cover vun der Nummer 1 op Chartboxx.lu
Télévie - Generation X - Scheckiwwereechung
Télévie - Generation X - Scheckiwwereechung

1984 huet de Mike Welter als Animateur bei Radio Organique ugefaangen, engem Piratesender zu Lëtzebuerg, dee vum Guy Felten an d'Liewe geruff gi war. Zwee Joer méi spéit huet hien déi éischt Live-Sendung um RFM gemaach, engem weidere Pirateradio. No der éischter Perquisitioun duerch d'Autoritéiten huet de Mike mat sengen Aktivitéite beim RFM opgehalen, well et him e bëssen ze geféierlech gouf. Parallel huet en ënner dem Numm DJ Mike MC zu Lëtzebuerg eng DJ-Karriär gemaach.

Ugefaang huet alles op private Schülerpartien, vun 1985 un war hien an alle bekannte Lëtzebuerger Discothéiken als DJ ënnerwee, wéi z. B. am Rollship Diddeleng, Blue Joke a Rainbow Uewerkuer, Starlife, Metropolis, Pole Nord, Pulp an Atelier an der Stad Lëtzebuerg. Och am Ausland war hien aktiv, ënner anerem zu Frankfurt, Bitburg, Duisburg, Düsseldorf an Amnéville.

Hien huet et ë. a. bis an d'Finall vun den DMC-DJ-Meeschterschafte bruecht, an ass an der Zäit géint Leit wéi z. B. den DJ Bobo ugetrueden. Hie war och den éischte lëtzebuergeschen DJ deen als Produzent aktiv gouf an huet 1988 zesumme mam DJ Mich Van Tune (Master J) seng éischt Maxi-Single mam Titel Want-Ya-Back erausbruecht.

1989 huet de Mike Welter mam Mich Van Tune, dem Patrick Morbach (Cool Joke) an dem Danielle Stoors (Screamy D) d'Formatioun DJ Mike MC & The Lyrical Force gegrënnt. Si hunn Enn 1989 den Album Move Your Body erausbruecht, den éischten Hip-Hop-Album made in Luxembourg. Mat deem Album si si an däitsche Stied opgetrueden. 1992 gouf de Mike Welter ee vun den éischte Moderatore vun Eldoradio, wou e fënnef Joer laang d'Sendung Coca-Cola Chartbreaker presentéiert huet. Och am Joer 1992 ass The Lyrical Force virun 8.000 Leit um Open-Air um Knuedler opgetrueden.

1995 huet hien d'Single "She Wants 2 Much" erausbruecht.

1996 ass de Mike Welter ee vun den Haaptinitiateure vun de "Ring My Bell"-Partyen am Atelier, wou e bis 1999 mam Jules Serrig d'Musek opleet.

Am August 1999 wiesselt hien op Radio DNR wou e Musekredakter gouf. 2008 huet hien zesumme mat APP-Studios de "Luxembourg's Next Radiostar" organiséiert, dee gréissten Nowuessconcours fir Museker zu Lëtzebuerg, bei deem iwwer 70 Museker a Gruppe matgemaach hunn.

Zanter Oktober 2008 schafft de Mike Welter selbstänneg an der Communicatiounsbranche.

2010 ass en Deel vum Mike Welter senger Musekscarrière am Film Hamilius ze gesinn, wou hien och als Zeien iwwer d'Hip-Hop-Beweegung an den 80er schwätzt.

2016 lancéiert hien de Nowuessconcours Luxemburg's Next Popstar. Bis 2020 gouf et 4 Editioune mat iwwer 400 Kandidaturen. Déi 5. Editioun huet wéinst der COVID-19-Pandemie missen ofgesot ginn.

Zanter 2022 ass hien nees aktiv, souwuel als Produzent wéi och als DJ. Hien huet antëscht nees 4 Singelen erausbruecht, „Dance Forever, make Music not War“ am Joer 2022, woumat hien d'Affer vum Ukrain-Krich ënnerstëtzt huet. Am selwechte Joer huet hien nach d'Single „Baila Conmigo“ erausbruecht. 2023 war et dann d'Publicatioun vun de Singelen „Feel The Bass“ an „One Night in Mykonos“. Seng Musek gouf an engem Joer méi wéi eng hallefmilliounmol gestreamt. Als DJ ass war hien ënner anerem am Wëllem, am Melusina, am Check Inn, an am Ikki aktiv. Hien ass och de Grënner vun der Facebookgrupp Generation X, déi regelméisseg grouss Eventer fir de gudden Zweck organiséiert zum Beispill fir den Télévie.

2023 hat hie mat der Single „One“ no 30 Joer erëm eng Nummer 1 an de Lëtzebuerger Streaming-Charts Chartboxx.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]