Mikhail Zaritskiy

Vu Wikipedia
Mikhail Zaritskiy
Gebuertsnumm Михаил Зарицкий
Gebuer 3. Januar 1973
Sankt Péitersbuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Foussballspiller, Foussballtrainer
Positioun oder
Spezialitéit
Stiermer
Veräin/Ekipp Zenit Sankt Péitersbuerg,
Avenir Beggen,
Borussia Mönchengladbach,
Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp

De Mikhail Zaritskiy, gebuer Michail Sarizki (ru: Михаил Зарицкий) den 3. Januar 1973 zu Leningrad, haut Sankt Péitersbuerg, ass e fréiere lëtzebuergesche Foussballspiller[1] vu russescher Ofstamung[2].

Als Profispiller, war säin éischte Foussballclub vun 1990 bis 1991 den Zenit St. Péitersbuerg. Duerno ass dem Zaritskiy seng Karriär bei Borussia Mönchengladbach II weidergaangen, awer hien hat méi Succès am Lëtzebuerger Avenir Beggen. Deemools krut hien d'Lëtzebuerger Nationalitéit[3]. Hien huet vun 1993 bis 1996 fir den Avenir gespillt, vun 1996 bis 1998 fir den FC Sporting Mäerzeg, 1998 an 1999 fir d'Fortuna Köln, vun 1999 bis 2000 fir de kretesche Veräin Athliticos Omilos Agios Nikolaos, a vun 2000 bis 2002 nees fir Mäerzeg[4]. No enger schwéierer Blessur huet hie mat senger Sportsaktivitéit opgehalen[5].

Tëscht dem 10. Mäerz 1999 am 28. Mäerz 2001 huet de Mikhail Zaritskiy 15-mol fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gespillt[6].

Nieft der Aktivitéit als Foussballspiller huet hien an enger Klinick an der Radiologie geschafft.[7] No der Karriär als Spiller, huet hien als Trainer vu Foussballclibb aus Däitschland a vu Lëtzebuerg geschafft[3]. Vun 2017 bis 2021 war den Zaritskiy den Haapttrainer vum Daring-Club Iechternach. Zanter 2022 trainéiert hien de Marisca Miersch[8].

De Mikhail Zaritskiy schafft zu Lëtzebuerg, a wunnt an Däitschland. Hie war mat enger Lëtzebuergerin bestuet, an huet elo eng russesch-däitsch Frëndin.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. De Mikhail Zaritskiy op der Websäit vun National Football Teams
  2. https://m.sport-express.ru/football/world/reviews/817606/
  3. 3,0 3,1 https://www.sportsdaily.ru/articles/eks-napadayuschiy-zenita-mihail-zaritskiy-hochu-vernutsya-v-rossiyu-52009
  4. https://www.transfermarkt.com/mikhail-zaritski/profil/spieler/135340
  5. http://www.sport-express.ru/newspaper/2005-10-08/3_1/
  6. D'Lëscht vun de Lännermatcher vum Mikhail Zaritskiy op der Websäit vun European Football
  7. ru.Wikipedia https://ru.wikipedia.org/wiki/Зарицкий,_Михаил_Юрьевич
  8. https://www.transfermarkt.com/mikhail-zaritski/profil/trainer/37004