Mikis Theodorakis

Vu Wikipedia
Mikis Theodorakis
Gebuer 29. Juli 1925
Chios
Gestuerwen 2. September 2021
Athen
Doudesursaach Häerzkollaps
Nationalitéit Griicheland
Educatioun Paräisser Conservatoire
Aktivitéit Komponist
Member vun Akademie der Künste der DDR

De Mikis Theodorakis (op griichesch:Μικής Θεοδωράκης), gebuer den 29. Juli 1925 op der Insel Chios (Griicheland), a gestuerwen den 2. September 2021 zu Athen, war e griichesche Komponist, Schrëftsteller a Politiker. Säi Papp staamt vu Kreta a seng Mamm aus Klengasien.

Etappe vu sengem Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Kandheet a Jugend[änneren | Quelltext änneren]

Schonn als Kand war dee klenge Mikis vun der Musek gepaakt. Mat 13 Joer huet e seng éischt Kompositioune geschriwwen. Nodeem am Zweete Weltkrich däitsch, italieenesch a bulgaresch Truppen 1941 Griicheland besat haten, gouf hien 1942 zu Tripolis eng éischt Kéier vun italieeneschen Zaldote verhaft. D'Joer drop gouf hien nach eng Kéier festgeholl a gefoltert. Nodeems en erëm fräigelooss gouf, konnt en op Athen goen. Do daucht en ënner an e gëtt Member vun der Nationaler Liberatiounsfront. An där Zäit krut en heemlech Coursen am Athener Conservatoire vum Philoktitis Economidis.

No der Liberatioun gehéiert den Theodorakis zu deene Partisanen, déi d'Muechtergräifung vu konterrevolutionäre Gruppéierunge wëlle verhënneren, mä Griicheland rutscht an e schreckleche Biergerkrich eran, deen d'Land vun 1945 bis 1949 a Misär a Verzweiflong stierzt an Dausende vu Mënscheliewen op béide Säite kascht. De 26. Mäerz 1946 gëtt den Theodorakis bei enger Demonstratioun vun der Police sou zerschloen, datt e fir dout gehalen an an d'Morgue bruecht gëtt. Duerno huet e sech misse verstoppen an ass am Ënnergronn un der Tuberkulos krank ginn. 1947 gouf e verhaft an op d'Insel Ikaria verbannt. Enn 1948 gouf en, nodeem e kuerz fräigelooss gi war, op en Neits zeréck op Ikaria an duerno op d'Insel Makronissos an e Vernichtungslager deportéiert, an deem Dausende vu politesche Gefaangen ëmbruecht gi sinn. De 26. Mäerz 1949 gouf e schwéier gefoltert: Seng Péngeger hunn em d'Bee gebrach an en hallef dout geschloen. Duerno hu s'en zweemol lieweg begruewen. Nëmme mat Hëllef vu Komeroden a vu sengem Papp, de Yorgos Theodorakis, deen op Kreta alles verkaaft huet, wat en hat, fir him bäizestoen, koum de Mikis als e kierperlech a séileg schwéier Blesséierten aus där Häll eraus. Awer nach zéng Joer duerno huet hien um Macronissos-Féiwer - enger Zort Epilepsie - gelidden.

Déi wichtegst Wierker bis 1960[änneren | Quelltext änneren]

  • Kammermusek: Sträichquartett; Preluden, Sonatine a Kleng Suite fir Piano; Trio fir Piano Gei an Cello; Sexteto; Sonatinen Nr.1 an 2 fir Gei a Piano
  • Sinfonesch Musek: "Assi-Gonia" (sinfonesche Saz); Sinfonie Nr.1 ("Proti Simfonia"); Suiten Nr.1, 2 an 3 fir Orchester; "Eros ke Thanatos (Liewen an Doud)" (fir Stëmm a Sträicher); Oedipus Tyrannos (fir Sträicher), Pianosconcerto "Helikon" (1952; elo eréischt erëmfonnt ginn), Pianosconcerto (1948)
  • Balletsmusek: Griichesche Carnaval; "Le Feu aux poudres", "Les Amants de Teruel"; Antigone

Den Theodorakis entdeckt déi griichesch Volleksmusek[änneren | Quelltext änneren]

1960, just an deem Moment, wéi de Mikis Theodorakis an der internationaler Musekswelt ufänkt, bekannt ze ginn, dréit e sech ëm 180 Grad a geet op d'Wuerzele vun der griichescher Musek zeréck. A senger Heemecht war zu deem Zäitponkt e Sträit ëm d'Bedeitung vun der Volleksmusek an hir Zukunft ausgebrach. Déi fousst op zwou grousse Stréimungen, der demotescher an der rembetescher Musek. Déi demotesch Musek ass d'Volleksmusek aus den eenzele ganz verschiddene Géigende vu Griicheland an och de Gruppe vu Leit, déi do liewen. Déi rembetesch Musek (Rembetiko) ass eréischt 1924, no der "Grousser Katastroph" - d'griichesch Arméi war vun den tierkeschen Truppe vum Mustafa Kemal Atatürk geschloe ginn -, aus Klengasien a Griiechenland komm mat all de Flüchtlingen, déi vun do verdriwwe gi waren. Déi hu sech an de Faubourge vun de grousse Stied, besonnesch vun Athen, néiergelooss, méi schlecht wéi recht gelieft, goufe marginaliséiert a schif bekuckt. Dofir war hir Musek an de bessere Kreesser net gär gesinn. De Manos Hadjidakis (1925-1994), dem Theodorakis säi grousse Musekerkolleg, huet fir d'éischt probéiert, déi Musek aus hirem Getto erauszehuelen, wat em mat der Filmmusek zu "Never on Sunday" och gegléckt ass.

Den Theodorakis huet zu där Ausenanersetzung bäigedroe mat sengem Lidderzyklus "Epitaphios", no de Gedichter vum Yannis Ritsos, deen an zwou ganz verschiddene Versiounen zur selwechter Zäit op Disk erauskomm ass: deen een ënner dem Hadjidakis mat der Nana Mouscouri, deen aneren ënner dem Theodorakis mat dem Grigoris Bithikotsie (eng "Verkierperung" vum Rembetiko). Ganz Giichenland huet sech an zwee Lager gespléckt, an dës Musek ass zum Ausdrock vun de politeschen a kulturelle Géigesätz tëscht Bourgeoisie an Aarbechter, gestane Leit a Jugendlechen, politesch Rietsen a Lénkse ginn. De Mikis Theodorakis gouf ganz séier zur grousser Figur vun enger Erneierong vu Griicheland, besonnesch, nodeem den Doktor an Deputéierte vun der Gauche EDA, de Grigoris Lambrakis ("Z") zu Saloniki 1963 ermuert gi war. 1964 gouf den Theodorakis als President vun der Lambrakis-Jugend an d'griichescht Parlament gewielt.

Déi wichtegst Wierker vun där Zäit[änneren | Quelltext änneren]

  • Lidderzyklen: "Archipelagos", "Politia A & B", "Epiphania" (Yorgos Seferis, Nobelpräis 1963), "Mauthausen" (Yakovos Kabanellis), "Romiossini" (Yannis Ritsos).
  • Bünemusek: "The Hostage" (D'Geisel, Brendan Behan); "D'Ballad vum doudege Brudder" (Theodorakis); "Maghiki Poli"; "I Gitonia ton Angelon" (Quartier vun den Engelen, Kabanellis).
  • Filmmusek: "Alexis Sorbas" ("Zorba de Griich"), duerch deen de Sirtaki weltbekannt gouf (Michalis Cacoyannis)
  • Oratorioen: "Axion Esti" (Odysseas Elytis, Nobelpräis 1979).

Ënner der Diktatur vun de Colonellen[änneren | Quelltext änneren]

Den 21. Abrëll 1967 koum et zum Putsch vun de rietsextremen Colonellen a Griicheland. Véier Méint huet den Theodorakis als Grënner vun der Pariotescher Front géint d'Junta am Ënnergrond gekänpft. Den 21. August gouf hie vun der Sécherheetspolice verhaft, gefoltert, duerno op internationalen Drock fräigelooss, mä konnt sech nëmmen a sengem Haus zu Vrachati ophalen. 1968 gouf hien an d'Biergduerf Zatouna verbannt a spéider an d'Konzentratiounslager Oropos verschleeft, wou en erëm schwéier un Tuberkulos erkrankt war. Eng international Solidaritéitscampagne, geleet vu sou bedeitende Kënschtler wéi Dmitri Schostakowitsch, Leonard Bernstein, Arthur Miller an Harry Belafonte huet sech agesat, fir datt e sollt fräikommen.

Déi wichtegst Wierker aus der Zäit vun der Diktatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Lidderzyklen: "PAM"-Lidder ("Fräiheet oder Doud", Theodorakis); "O Ilios ke o Chronos" (D'Sonn an d'Zäit, Theodorakis); "Ta Laïka"; Arcadies I-X; Lidder fir den Andreas (Theodorakis): dat ass de Politiker Andreas Lentakis, dee fuerchtbar gefoltert gouf, déi Zäit wéi den Theodorakis och am Prisong war; "Nichta Thanatou" (Nuechte vum Doud, Manos Elefteriou), "Tria Negrika Tragoudia" (Trois chansons nègres, Leopold Sedar Senghor).
  • Oratorioen: "Ephiphania Averoff" (Giorgos Seferis), "Etat de Siège" (Marina = Rena Hadjidakis), "La Marche de l'Esprit" (Angelos Sikelianos), "Raven" (Seferis, nom Edgar Allan Poe sengem Gedicht).
  • Filmmusek: "Z" vum Costa-Gavras.

Am Exil[änneren | Quelltext änneren]

Den 13. Abrëll 1970 krut de franséische Politiker Jean-Jacques Servan-Schreiber d'Autorisatioun vum George Papadopopulos, dem griicheschen Diktator, den Theodorakis mat op Paräis an den Exil ze huelen. Dem Theodorakis seng Fra a seng Kanner goufen ee Mount méi spéit vun engem Fransous, dee mat enger Lëtzebuergerin bestuet ass, aus Griicheland erausgeschmuggelt. Vu Paräis aus, huet den Theodorakis mat Honnerte vu Concerten an der ganzer Welt de Kampf géint d'Junta virugefouert. Den 11. Februar 1973 war e fir d'éischt zu Lëtzebuerg.

Dem Theodorakis säi grousse Wonsch a säin Zil war, all d'Kräfte vun der Resistenz z'eenegen. Obschonn him dat net gegléckt ass, ass hien an der ganzer Welt en héich geuechtent Symbol vum Widderstand géint all Diktatur ginn.

Déi wichtegst Wierker aus dem Exil[änneren | Quelltext änneren]

  • Lidderzyklen: "Lianotragouda" (18 kleng Lidder aus der batterer Heemecht, Yannis Ritsos); "Balladen" (M. Anagnostakis); "Stin Anatoli" (Am Osten, Cacoyannis, Stiliatis, Theodorakis).
  • Oratorio: "Canto General" (Pablo Neruda).
  • Filmmuseken: "The Trojan Women" (M. Cacoyannis); "Etat de Siège" (Costa-Gavras); "Serpico" (S. Lumet); "Biribi" (D. Moosmann); "Tito" (Sutjeska, S. Delic).

Déi spéider Joren[änneren | Quelltext änneren]

No hirem Versuch, den Äerzbëschof Makarios III., op Zypern ze stierzen an ëmzebréngen an der Invasioun vun den tierkeschen Truppen op der Insel, am Juli 1974, ass d'Diktatur zesummegebrach. Ee vun deenen éischten, déi erëm zeréck an hir Heemecht geflu sinn, wou e wéi e Volleksheld gefeiert gouf, war de Mikis Theodorakis. Mä scho kuerz Zäit duerno ass dat aalt politescht Spill mat sengen Intrigen erëm ugaangen, an et koume fir den Theodorakis eng ganz Rei Joren, wou en tëscht Engagement a Resignatioun, Aarbecht am Parlament a fräiwëllegen Exil zu Paräis hin an hier gerappt war. Enn vun den 1970er Joren huet en zu Paräis seng sinfonesch Aarbecht erëm opgegraff, huet fréi Wierker ëmgeschriwwen an nei opgebaut, Sinfonien, Kantaten, Oratorien, Ballets- a Kierchemusek am Geescht vun der griichesch-orthodoxer Musek komponéiert. Zu gudder Lescht huet e sech mat der Oper ofginn.

1989, um Enn vun der laanger Regierungszäit vum Andreas Papandreou, déi vu Korruptioun a Skandaler gezeechent war, huet den Theodorakis fir eng Erneierung vu Griicheland opgeruff, - eng "Katharsis" (Rengegung), wéi e gesot huet -, a fir eng Regierung vum konservative Politiker Konstantin Mitsotakis plädéiert. Vun deem gouf en 1990 als Onofhängege Lénkse Staatsminister ouni Ressort. Zwee Joer laang huet e sech fir d'Educatioun an d'Kultur a besonnesch fir e bessert Verhältnes zum "Äerzfeind", der Tierkei agesat, dat zesummme mat dem berüümten tierkesche Museker, Sänger a Politiker Zülfü Livaneli. 1993 an 1994 war den Theodorakis duerno Generaldirekter vun den Orchesteren an de Chéier vum griichesche Radio an TV, ier e sech ganz aus dem ëffentleche Liewen zeréckgezunn huet.

Duerno huet en nëmmen nach als Komponist an als Dirigent geschafft, mä nom Doud vu sengem Brudder Yannis 1996 an no schwéiere Gesondheetsproblemer war hie net méi dee selwechte Mënsch. En huet du versicht, dofir ze suergen, wat mat sengem risege Wierk géif geschéien, wann en net méi do wier. En huet seng komplett Archiven der Fondatioun Lilian Voudouri am Megaron zu Athen vermaacht a seng lescht Wierker komponéiert: d'Oper Lysistrata (1999-2001) an 2001, d'Bünemusek zu "Medea", (dem Guy Wagner dediéiert). Elo schafft en drun, fréier, nach onbekannt Wierker erauszeginn - sou "Erimia" (Einsamkeet) 2005 - a seng vill Schrëften ze publizéieren.

Ëmmer op en Neits awer gräift en an, wann d'politesch Ëmstänn dat vun em verlaangen: Protester géint d'NATO- Bombardementer a Jugoslawien 1999, géint d'Behandlung vum gekidnappte Leader vun de Kurden, Abdullah Öcalan, géint d'Repressioun vun de Palestinenser an d'Politik vum Ariel Sharon, wat em den absurde Virworf vun Antisemitismus abruecht huet, géint den George W. Bush, seng Regierung a seng Administratioun an dee vun hinnen ausgeléiste Krich am Irak, (2003). Den 1. Juli 2006 huet en als Haaptriedner vun der kultureller Amphiktyonie zu Delphi virun der Gefor gewarnt, datt den George W. Bush kéint Atomwaffen asetzen.

De Mikis Theodorakis ass "Doctor honoris causa" vun den Univsersitéite vu Montréal, Tessaloniki, Kreta an Thessalien / Volos a Commandeur vun der franséischer Éierelegioun. Am Joer 2005, wéi e säin 80. Gebuertsdag gefeiert huet, krut en de russeschen "Internationalen Andreas-den-Éischtberuffene-Präis" an den IMC-UNESCO-Musekspräis. Obschonn hie gesondheetlech geschwächt ass, komponéiert hie weider - East of the Aegean; Rhapsodie fir Trompett an Orchester - an ergräift Positioun, wann en humanitäre Problem hie beréiert. Sou huet hien nach den 10. November 2008 eng "Deklaratioun" geschriwwen zu Gonschte vun de griichesche Prisonéier, déi an den Hongerstreik gaange sinn, fir besser Haftkonditiounen ze kréien.

Déi wichtegst Wierker no 1974[änneren | Quelltext änneren]

  • Lidderzyklen: "Epivatis (De Passagéier, K. Tripolitis), "Radar" (Tripolitis) "Ta Lyrika" (T. Livaditis), "Dionysos" (M. Theodorakis), "Phaedra" (Angeliki Eleftheriou), "Ta Prosopa tou Iliou" (Gesiichter vun der Sonn, Karatzas) "Beatrice op der Strooss Null" (Karatzas, Theodorakis), "Mia Thalasssa (E Mier voll Musek, Dimitra Manda)", "Os archeos Anemos (Wéi ein ale Wand, D. Karatzas)", "Lyrikotera" (Déi ganz lyresch Lidder, D. Karatzas), "Lyrikotata" (Die méi wéi lyresch Lidder, Yannis Theodorakis), "Erimia" (Einsamkeet, Lefteris Papadopoulos). NEI: "Odysseia", 2006 komponéiert (Kostas Kartelias), arr.: Irina Valentinova. Gesonge vun der Maria Farantouri, ee Lidd vum Mikis Theodorakis selwer.
  • Kammermusek: Choros Assikikos (Galant Dänz) fir Solocello; East of the Aegean, Zyklus fir Piano an Cello.
  • Bünemuseken: "Orestia" (Insz.: Spyros Evangelatos); "Antigone" (Insz.: M. Volanakis); "Medea" (Insz.: Spyros Evangelatos).
  • Filmmuseken: "Iphigenia" (M. Cacoyannis), "Der Mann mit der Neelchesblumm" (N. Tzimas).
  • Oratorioen a Kierchemusek: "Missa Greca", "Liturgia 2", "Requiem".
  • Sinfonesch Wierker a Kantaten: Sinfonien Nr.2, 3, 4, 7, "Sadduzäer-Passioun"(M. Katsaros), "Canto Olympico"(Manda,Theodorakis), Rapsodie fir Gittar an Orchester; Rapsodie fir Cello an Orchester; Rapsodie fir Trompett an Orchester, Rapsodie fir Sträicher (Mezzosopran oder Bariton ad lib.).
  • Operen: "Kostas Karyotakis", "Medea", "Elektra", "Antigone", "Lysistrata".

Den Theodorakis a Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Den éischte Kontakt mat Lëtzebuerg huet de Mikis Theodorakis 1954 duerch seng Fra Myrto kritt, där hire Professer um Institut Jolie-Curie zu Paräis e Lëtzebuerger war. Am Mee 1970 gëtt dem Theodorakis seng Famill vum Jacques Lhardit aus Griicheland geschmuggelt. De Jacques Lhardit, deem seng Fra, d'Josette Robinet, eng Lëtzebuergerin war, sollt sech spéider ëm de Centre de Rencontres Neimënster bekëmmeren.

Den Theodorakis an de Guy Wagner 1973 an enger Librairie zu Esch-Uelzecht

Op Initiativ vum Guy Wagner kënnt den Theodorakis 1973 eng éischt Kéier op Lëtzebuerg, fir do am Stater Theater den 11. Februar e Concert ze ginn.
De 26. Mee 1976 kommen d'Maria Farantouri an de Petros Pandis op Déifferdeng fir e Concert mat Theodorakis-Musek.

Den 12. Mäerz1978 ass den Theodorakis selwer zu Déifferdeng fir den Anniversaire vum Volleksbildungsveräin (CCD), initiéiert vum Cornel Meder. Am Kader vun dësem Evenement besicht den Theodorakis och eng Ausstellung, déi him am Lycée technique Mathias-Adam zu Péiteng dediéiert ass.

Den 9. Juli 1982 dirigéiert den Theodorakis am Kader vum Iechternacher Festival an der Basilika selwer d'Éischtopféierong am Weste vu senger 2. Sinfonie mam Orchester vun RTL an dem Cyprien Katsaris um Piano.

Den 10. Juli 1982 gëtt vum CEPA der Charlotte Kerr hire Film: "Quo vadis, Mikis" an der Stater Cinemathéik gewissen, a Presenz vum Theodorakis an der Regisseurin.

Den 1. Juli 1983 stellt de Guy Wagner, d'éischt Editioun vu senger Biographie iwwer den Theodorakis um Schlass an der Buerg vir. Dobäi gëtt och d'International Stëftung Mikis Theodorakis "FILIKI" vum Komponist selwer aus der Daf gehuewen.

Den 2. Juli 1973 ass den Theodorakis um "Wisefest" vun der Zeitung dobäi.

1985 gëtt "FILIKI" dem Theodorakis seng musekwëssenschaftlech Texter "Anatomie der Musik" an den Éditions Phi eraus.

De 24. Mee 1986 gëtt den Theodorakis den 3. Concert mat populärer Musek am Escher Theater a fänkt vun do aus eng Welttournee un.

1987 gëtt "FILIKI" den 1. Band vum Theodorakis senger Autobiogrpahie op Däitsch: "Die Wege des Erzengels" an den Éditions Phi eraus.
Am Mee 1987 steet de "FESCHtival" fir de 25. Anniversaire vum Escher Theater am Zeeche vum Mikis Theodorakis, deen awer net op Lëtzebuerg komme kann, well säi Fils George schwéier Verbrennongen erlidden hat.

1988 kënnt den 2. Band vun der Autobiogrpahie "Die Wege des Erzengels" an den Éditions Phi eraus.
De 27. Juli 1990 ass am Kader vun der Summerakademie vum CEPA d'Éischtopféierong vum Film "Mikis Theodorakis - Eine Stimme für die Freiheit" vun der Vivien Treuleben, a Presenz vun der Regisseurin an hirem Staff.

1991 publizéiert "FILIKI" den 3. Band vun "Die Wege des Erzengels" an den Éditions Phi. Den 8. September 1991 gëtt den Theodorakis säi 4. Concert: "Theodorakis chante Theodorakis" am Escher Theater. Dee gëtt fir den CNA vum Vivien Treuleben verfilmt an 1993 op RTL Télé Lëtzebuerg gewisen.

1992 an 1993 gëtt de Ballet Zorba le Grec am Escher Theater gewisen, 1995 am Stater Theater an 2005 zu Ettelbréck am CAPe.

Den 1. Concert vum Theodorakis zu Lëtzebuerg den 11.2.1973 am Stater Theater.

Den 10. Oktober 1992 gëtt de Canto General an engem Projet vum InECC am Escher Theater ënner der Leedung vum Pierre Cao opgefouert. De Mikis Theodorakis kënnt op Esch an dirigéiert doraus säi Neruda Requiem aeternam.

Den 2. Mee 1995 gëtt dem Mikis Theodorakis seng Oper Electra am Stater Theater uropgefouert: e grousse Verdéngscht vum ze vill fréi verstuerwenen Direkter Jeannot Comes. An de Foyere vum Theater gëtt eng vum Guy Wagner zesummegestallt Ausstellung gewisen an déi 2. Editioun vun der Theodorakis-Biographie op däitsch virgestallt

De 15. Mee 1995 ass den Theodorakis fir d'lescht am Land fir e Concert zu Déifferdeng mat der Maria Farantouri, a Presenz vum Prënz Guillaume an der Prinzessin Sybilla.

Den 12. September 1996 mécht de Guy Wagner den Internet-Site fir den Theodorakis an dräi Sproochen op, dee just zum 80. Gebuertsdag vum Mikis säin 200.000 Visiteur hat.

1998 an 1999 ass d'Maria Farantouri am Casino zu Munneref an am Stater Conservatoire.

De 6. Mee 1998 ass déi éischt Emission Integral vum Mikis Theodorakis sengem Wierk vum Guy Wagner um Radio 100,7. Et gëtt am Ganzen 170 Emissiounen, déi bis de 26. Dezember 2001 daueren an 210 Stonne Musek a Presentatioun duerstellen.

De 14. Oktober 2000 ass d'Maria Farantouri am CAPe zu Ettelbréck. Bei där Geleeënheet gëtt déi franséisch Versioun vum Guy Wagner senger Biographie: Mikis Theodorakis. Une vie pour la Grèce, Éditions PHI virgestallt.

De 14. Oktober 2001 ginn dem Theodorakis seng Poèmes - Gedichte (Éditions PHI) zweesproocheg op der Frankfurter Buchmesse presentéiert vun der Stëftong "FILIKI".

Den 12. Juni 2002 feieren d'Amis de la Grèce hire 50. Gebuertsdag mat engem Concert Maria Farantouri a Musek vum Theodorakis am Stater Conservatoire.

Den 22. Februar 2003 spillt den Orchestre philharmonique du Luxembourg am Megaron zu Athen déi 2. Sinfonie vum Theodorakis, ënner der Leedong vum Bramwell Tovey, mat dem Jean Muller als Solist. Den Theodorakis ass beim Concert dobäi.

De 24. Juli 2004 dirigéiert de Martin Folz de Canto General um Wolzer Festival. Am Theodorakis sengem Jubiläumsjor 2005 huet den Nationale Literaturzentrum vu Miersch vum 3. Februar bis den 22. Abrëll eng grouss Ausstellung gewisen: Mikis Theodorakis, témoin de notre époque, konzipéiert a realiséiert vum Guy Wagner. De multimedialen Deel war vu sengem Fils Serge. Am Kader vun dëser Ausstellung war de 4. Februar e Concert mat Kammermusek vum Theodorakis zu Miersch am CNL, gespillt vum Henning Schmiedt, Jens Naumilkat a Volker Schlott, des Weideren eng Liesung mat Ina an Asteris Kutulas, e Concert Maria Farantouri-Henning Schmiedt am CAPe Ettelbréck, an d'Stater Cinemathéik huet vun Abrëll bis Juni sechs Filmer mat Musek vum Theodorakis gewisen: Zorba, Etat de Siège, Serpico, Iphigenia, Trojan Women an Elektra.

Den 12. Mäerz 2005 huet d'Nena Venetsanou e Concert zu Éiere vum Mikis Theodorakis zu Nidderaanwen ginn, an den 28. Juli huet de CEPA am Kader vun der Summerakademie an der Handwierkerschoul e Gittarerezital mam Rainer Rohloff organiséiert.

D'Kulturzäitschrëft Galerie huet am Juli 2005 en Dossier vun 48 Säiten iwwer de Mikis Theodorakis publizéiert.

Den 23. November 2005 huet de Lëtzebuerger Ambassadeur fir Griicheland, S. E. Conrad Bruch, dem Mikis Theodorakis d'Insignie vum Grand Officier vum Lëtzebuerger Ordre de Mérite an de Botschaftsraimlechkeeten zu Athen iwwerreecht. D'Laudatio huet de Guy Wagner gehalen.

2007, am Kader vun der Inauguratioun vum neie Gebai vun der Banque centrale du Luxembourg goufen och Dokumenter vun dëser Presenz hei zu Lëtzebuerg ausgestallt.

Dem Theodorakis säi musekalescht Wierk. Eng Synthees[änneren | Quelltext änneren]

Lidder a Liddzyklen[änneren | Quelltext änneren]

De Mikis Theodorakis huet iwwer dausend Lidder geschriwwen. Dorënner ass eng grouss Zuel vun Zyklen (e Genre, deen hien eréischt an d'Musek vu senger Heemecht agefouert huet). Si baséieren op Gedichter vun de bedeitendste griicheschen Dichter, awer och vum Federico Garcia Lorca a vum Pablo Neruda. Si gehéieren haut zum Kultugutt vum griichesche Vollek: "Epitaphios", "Archipelagos", "Politia, A-D", "Epiphania", "Die Geisel", "Kleine Zykladen", "Mauthausen", "Romiossini (Griichentum)", "D'Sonn an d'Zäit", "Mythologie", "Ta Lyrika", "Lidder aus der batterer Heemecht", "D'Quartiere vun der Welt", "Dionysos", "Phaedra", "Wéi en ale Wand", "E Mier voll Musek", "Lyrikotera", "Lyrikotata", "Erimia" (Einsamkeet), "Odysseia"...

Sinfonesch Musek[änneren | Quelltext änneren]

  • 1952: Pianosconcert "Helikon"
  • 1953: Sinfonie No.1 ( Proti Simfonia)
  • 1955-1958: 3 Suitë fir Orchester
  • 1958: Pianosconcert
  • 1981: Sinfonie No. 2 (De Gesank vun der Äerd; Texter: Mikis Theodorakis) Kannerchouer, konzertante Piano an Orchester
  • 1981: Sinfonie No. 3 (Texter: D. Solomos; K. Kavafis; byzantinesch Hymnen) fir Sopran, Chouer an Orchester
  • 1983: Sinfonie No. 7 (Vum Fréijoer; Texter: Yannis Ritsos; Yorgos Kouloukis) fir 4 Solisten, Chouer an Orchester
  • 1986-1987: Sinfonie No. 4 (Vun de Chéier) fir Sopran, Mezzo, Stëmm, Chouer a Sinfonieorchester ouni Sträichinstrumenter)
  • 1996: Rhapsodie fir Gittar an Orchester
  • 1997: Rhapsodie fir Cello an Orchester
  • 2008: Rhapsodie fir Trompett an Orchester

Kammermusek[änneren | Quelltext änneren]

  • 1942: Sonatina, fir Piano
  • 1945: Elegie N°1, fir Cello a Piano
  • 1945: Elegy N°2, fir Gei a Piano
  • 1946: To Kimitiro (De Kierfecht), fir Sträichquartett
  • 1946: Sträichquartett N°1
  • 1946: Duetto, fir 2 Geien
  • 1947: Trio, fir Gei, Cello a Piano
  • 1947: 11 Preluden, fir Piano
  • 1947: Sexteto, fir Piano, Flütt a Sträichquartett
  • 1949: Etudw, fir 2 Geien an Cello
  • 1952: Syrtos Chaniotikos, fir Piano a Perkussioun
  • 1952: Sonatine N°1, fir Gei a Piano
  • 1955: Kleng Suite, fir Piano
  • 1955: Passacaglia, fir 2 Pianoen
  • 1959: Sonatina N°2, fir Gei a Piano
  • 1989: Choros Assikikos (Galant Dänz) for Solocello
  • 2007: East of the Aegean, Zyklus fir Piano an Cello

Kantaten an Oratorioen[änneren | Quelltext änneren]

  • 1960: "Axion Esti" (Text: Odysseas Elytis), Volksoratorium
  • 1967: "Epiphania Averoff" (Text: Giorgos Seferis)
  • 1969: "Der Marsch des Geistes" (Text: Angelos Sikelianos); "Belagerungszustand" (Text: Rena Hadjidakis)
  • 1971-82: "Canto General" (Text: Pablo Neruda)
  • 1981-82: "Kata Saddukaion Pathi" (Sadduzäer-Passioun; Text: Michalis Katsaros) fir Tenor, Bariton, Bass, Chouer an Orchester
  • 1982: Liturgie Nr. 2 ("Fir Kanner, a Kricher ëmbruecht") Texter: Tassos Livaditis, Mikis Theodorakis) fir Chouer a cappella
  • 1982-83: "Lorca" fir Stëmm, Sologittar, Chouer an Orchester (auf der Basis vum "Romancero Gitan" vum Federico Garcia Lorca)
  • 1992: "Canto Olympico", Auftragswerk für die Olympischen Spiele in Barcelona.

Hymnen[änneren | Quelltext änneren]

  • 1970: Hymn fir den Nasser
  • 1973: Hymn fir d'sozialistische Beweegung vu Venezuela
  • 1973: Hymn fir d'Stodenten. Den Opstännege vun der Polytechnescher Héichschoul vun Athen dediéiert
  • 1977: Hymn vun der Sozialistischer Partei vu Frankräich
  • 1978: Hymn fir Malta
  • 1982: Hymn vun der P.L.O.
  • 1991: Hymn fir d'Mëttelmierkompetitiounen
  • 1992: "Hellenismus". (Griichesch Hymn fir d'Olympesch Spiller vu Barcelona)

Balleten[änneren | Quelltext änneren]

  • 1953: "Griichesche Karnaval" (chor.: Rallou Manou)
  • 1958: "Le Feu aux Poudres" (chor.: Paul Goubé)
  • 1958: "Les Amants de Téruel" (chor.: Milko Sparembleck)
  • 1959: "Antigone" (chor.: John Cranko)
  • 1972: "Antigone en prison" chor.: Micha van Hoecke)
  • 1979: "Elektra" (chor.: Serge Kenten)
  • 1985: "Sept Danses Grecques" (Chor: Maurice Béjart)
  • 1987-88: "Zorba" (chor.: Lorca Massine)

Operen[änneren | Quelltext änneren]

  • 1984-85: "Kostas Karyotakis"
  • 1988-90: "Medea"
  • 1992-93: "Elektra"
  • 1995-97: "Antigone"
  • 1999-2001: "Lysistrata"

Bünemusek[änneren | Quelltext änneren]

Klassesch griichesch Tragedien[änneren | Quelltext änneren]

  • 1959–60: "Phinisses" (D'Phönizierinnen) (Euripides)
  • 1960–61: "Ajax" (Sophokles)
  • 1977: "Iketides" (Euripides)
  • 1979: "Ippies" (Aristophanes)
  • 1986-88: "Orestia": "Agamemnon" - "Choephores" - "Eumenides" (Aischylos)
  • 1987: "Hekabe" (Euripides)
  • 1990: "Antigone" (Sophokles)
  • 1992: "Promithefs Desmotis" (De gefesselte Prometheus) (Aischylos)
  • 1996: "Oedipus Tyrannos" (Sophokles)
  • 2001: "Medea" (Euripides);

Moderne griicheschen Theater[änneren | Quelltext änneren]

  • 1960-61/1992: "To Tragoudi Tou Nekrou Adelfou" (Ballade vom Toten Bruder), Musikalische Tragödie (Text: Mikis Theodorakis)
  • 1961-62: "Omorphi Poli" (Schéi Stad), Revue (Bost, Christodoulou, Christofelis e.a.)
  • 1963: "I Gitonia ton Angelon" (De Quartier vun den Engelen), Musical (Iakovos Kambanellis)
  • 1963: "Magiki Poli" (Verzaubert Stad), Revue (Theodorakis, Pergialis, Katsaros)
  • 1971: "Antigoni stin Filaki" (Antigone am Prisong), Drama (Yannis Ritsos)
  • 1974: "Prodomenos Laos" (Verrodent Vollek), Musik für das Theater (Vangelis Goufas)
  • 1975: "Echtros Laos" (Feindlecht Vollek), Drama (Iakovos Kambanellis)
  • 1975: "Christophorus Kolumbus", Drama (Nikos Kazantzakis)
  • 1976: "Kapodistrias", Drama (Nikos Kazantzakis)
  • 1977: "O Allos Alexandros" (Deen aneren Alexander), Drama (Margarita Limberaki)
  • 1979: "Papflessas", Spill, (Spiros Melas).

Internationalen Theater[änneren | Quelltext änneren]

  • 1961: "Enas Omiros" (D'Geisel), Drama (Brendan Behan)
  • 1975: "Das Sauspiel", Tragicomédie (Martin Walser)
  • 1978: "Polites B' Katigorias" (Bierger zweeter Klass), Drama (Brian Friel)
  • 1979: "Caligula", Drama (Albert Camus)
  • 1980: "Perikles", Tragedie (William Shakespeare)
  • 1994: "Macbeth", Tragedie (William Shakespeare).

Filmmusek[änneren | Quelltext änneren]

Kino[änneren | Quelltext änneren]

Televisioun[änneren | Quelltext änneren]

Fir déi mat (x) bezeechent Filmer a Fernseespiller ass Musek vum Theodorakis benotzt ginn, ouni datt de Komponist der awer extra dofir geschriwwen hätt. Dat gëllt besonnesch och fir Z, wou den Theodorakis keng konnt schreiwen, well en an der Verbannung zu Zatouna war.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Mikis Theodorakis – Biller, Videoen oder Audiodateien