Mikwe
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Eng Mikwe, Méizuel Mikwaot, ass e Waasserbaseng, deen am Juddentum derzou déngt, sech rituell ze rengegen.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Den Numm
"Mikwe" kënnt aus dem Hebräesche "miqwe" a bedeit "Sammelbaseng fir Waasser opzefänken".
[änneren] D'Waasser
Eng Mikwe gëtt gefëllt mat fléissendem renge Waasser, dat dacks aus engem Grondwaasserbur kënnt, wa kee Quellwaasser zur Verfügung steet.
[änneren] De Ritus
Nëmmen een dee komplett ënnerdaucht gëtt och rituell gerengegt. Noutwenneg ass dëst net nëmme fir Fraen no der Menstruatioun oder enger Gebuert, a fir zum Juddentum Bekéierter - sou ähnlech wéi bei der chrëschtlecher Daf - oder bei orthodoxe Judde virum Schabbat a viru Feierdeeg.
[änneren] Mikwe zu Lëtzebuerg
An der Stad Lëtzebuerg ass eng Mikwe am Sous-sol vun der Synagog.
| Commons: Mikvah – Biller, Videoen oder Audiodateien |
