Milan Babić

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Luxembourg politic personality icon.svg Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Milan Babić, gebuer de 26. Februar 1956 zu Kukar, no bei Sinj, a gestuerwen de 5. Mäerz 2006 zu Den Haag war e serbesche Politiker.

De Milan Babić

De Babić war an der Zäit vum kroateschen Onofhängegkeetskrich Buergermeeschter vun der Stad Knin, an an de Joren 1991/92 President vun der Republik Serbesch Krajina. Hie war vum Internationale Geriicht zu Den Haag als Krichsverbriecher zu 13 Joer Prisong veruerteelt ginn.

De Milan Babić huet sech de 5. Mäerz 2006 a senger Zell am Prisong vum Den Haager Spezialgeriicht am Staddeel Scheveningen d'Liewe geholl.