Milbekéis

Vu Wikipedia
E Leif Milbekéis

Milbekéis, (och Spannekéis genannt) ass eng lokal Kéisspezialitéit aus dem Duerf Würchwitz a Sachsen-Anhalt (Däitschland).

D'Fabrikatioun vu Milbekéis[änneren | Quelltext änneren]

Stoffi vu Geessemëllech gëtt grëndlech ofdrëpse gelooss. Da kann en e puer Deeg laang an engem kille Raum dréchnen. Duerno gëtt e mat Salz a Kümmel gewierzt a doropshin a Form bruecht, sief et Staangen, handtellergrouss Bullen oder ronn Leiwer vu 15 Zentimeter Duerchmiesser. Da gëtt de Kéis e Joer laang an enger hëlze Këscht versuergt, an dat mat e puer Millioune Kéismilben (Tyroglyphus casei).

Fir d'Milben z'erniere gëtt Karmiel derbäigeschott. Op déi Manéier gëtt verhënnert, datt d'Milben de Kéis selwer friessen. D'Milbe friessen d'Miel an duerch hir Exkrementer kann de Milbekéis zeideg ginn.

Milbe-Monument zu Würchwitz

Am Laf vun dësem Prozess, bei deem de Kéis zeideg gëtt, an dee vu baussen no banne geet, fierft sech de Kéis no véier Woche gielzeg, no dräi Méint roudelzeg-brong an no engem Joer schwaarz. D'Milbe gi mam Kéis matgiess oder dacks ouni Kéis op der Schmier giess.

Fir d'Gesondheet ass dee Kéis komplett ongeféierlech.

De Milbekéis gehéiert zu de Sauermëllech-Kéisen. De Fett-Gehalt an der Dréchemass läit bei ongeféier 1 %.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Jahns, Horst: Der Milbenkäse und Europa. In: des.: Ostbrötchen und Troddeldatschen, Halle (Saale): Mitteldeutscher Verlag, 2002, S. 45-54.
  • Thurm, Volker: Der lebendigste Käse der Welt – Würchwitzer Milbenkäse: eine deutsche Spezialität (2. bearb. u. erw. Aufl.). Kayna u.a.: Kleefestverein Würchwitz 1851 e. V., 2002.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Milbenkäse – Biller, Videoen oder Audiodateien