Miles to Perdition

Vu Wikipedia
Miles to Perdition
De Gruppemember Ken Pletschet um Wacken Open Air 2016
Museksgenre Melodic Death Metal
Land Lëtzebuerg
Grënnung 2007[1]
Websäit milestoperdition.com, Facebook
Aktuell Memberen Ken Pletschet (Gesank)
Marc "Mulles" Muller (Bass)
Joey Jung (Gittar)
Fréier Memberen Pino (Gittar, 2007-09)
Marc Strauß (Gittar, 2009-15)
Roland Jeitz (Batterie, 2007-09)
Michael Speltz (Batterie, 2009)
Pascal Benci (Batterie, 2009-15)
Steve Castro (Bass)

Miles to Perdition ass eng lëtzebuergesch Death-Metal-Band vun Esch-Uelzecht.

Bandgeschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Band gouf am Summer 2007 gegrënnt an huet d'Joer drop hir éischt Demo mam selwechten Numm opgeholl. 2009 hu si bei der éischter Editioun vum Rock the South matgemaach.

Zu Antwerpen hu Miles to Perdition d'EP Vengeance (2010) opgeholl.[2] Ëm déi Zäit si si och als Virgrupp vu bekannten anere Metalgruppen opgetrueden, dorënner d'Amerikaner vun Avenged Sevenfold[3] an The Black Dahlia Murder[4], d'Brasilianer vu Sepultura[5], an de Schwede vun Arch Enemy.[6]

Hiren éischten Album Blasphemous Rhapsody koum 2014 op de Maart. Zwee Joer méi spéit ware si d'Gewënner vum lëtzebuergesche "Metal Battle", wat et hinnen erlaabt huet um däitsche Wacken Open Air ze spillen, engem vun de gréisste Rockfestivallen op der Welt.[7]

2020 koum dunn den Album Blasphemous Rhapsody eraus.

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

Albumen[änneren | Quelltext änneren]

  • 2014: Blasphemous Rhapsody
  • 2020: 2084

EP[änneren | Quelltext änneren]

  • 2008: Miles to Perdition (Demo)
  • 2010: Vengeance

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Miles to Perdition – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Biographie op french-metal.com
  2. shootmeagain.com: Interview MILES TO PERDITION (29. Oktober 2020)
  3. entrepotarlon.be: Biographie
  4. Fotoen op Flickr vum Concert (2012)
  5. rtl.lu: Sepultura a Miles to Perdition an der Rockhal (2009)
  6. tuonelamagazine.com: GALLERY: 01.04.2010 Miles to Perdition, Samael, & Arch Enemy @ Rockhal, Esch-sur-Alzette (Musicalypse Archive) (3. Abrëll 2010)
  7. hellfire-magazin.de: Miles To Perdition – 2084 vum Marco Gräff