Mill Ends Park
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Geographesch Koordinaten:
45° 30’ 58.32’’ N 122° 40’ 23.65’’ W
De Mill Ends Park zu Portland am Oregon ass dee klengste Park vun der Welt. De „Park“ ass e Krees mat engem Duerchmiesser vun 61 Zentimeter, deen 1948 als Plaz fir e Liichtmast geduecht war. Wéi deen net opgestallt gouf, huet den Dick Fagan, e Journalist vum Oregon Journal, do Blumme geplanzt an huet ugefaang an enger regelméisseger Kolumn iwwert d'Virgäng am Park ze beriichten. Am Joer 1976 gouf Mill Ends Park en offizielle Park vun der Stad Portland.
D'Fläch vum Park bedréit 0,292 m2. Attraktioune vum Park sinn ënner anerem e Swimmingpool fir Päiperleken an e Miniaturriserad (dat mat engem normal grousse Kran ugeliwwert gouf).