Mille vu Valmy

Vu Wikipedia
D'Mille vu vir...
...a vun hannen

D'Mille vu Valmy ass d'Symbol vun der Victoire, am Joer 1792, vun de franséische republikaneschen Truppen iwwer d'Koalitiounstruppen, déi sollten de Kinnek ënnerstëtzen. Dës Kricherei krut den Numm Schluecht vu Valmy.

D'Wandmillen déi op där Plaz stoung war awer verfale gelooss ginn, an am Ufank vum 20. Joerhonnert, war näischt méi dovun ze gesinn.

De Buergermeeschter vu Valmy, den André Procureur, hat Enn der 1930er Joren eng Nationalsouscriptioun lancéiert fir Suen ze sammelen, fir wéinst der 150 Joerfeier vun der Schluecht erëm eng Millen als Erënnerung opzerichten.

D'Millen déi dunn opgeriicht gouf stoung virdrun zu Attiches bei Lille. D'Aarbechte sinn 1939 lass gaangen, goufen awer duerch den Zweete Weltkrich ënnerbrach, soudatt d'Millen eréischt konnt den 20. September 1947 mat fënnef Joer Verspéidung ageweit ginn.

Déi huet et awer och just e bësselche méi wéi 50 Joer gepackt, a gouf de 26. Dezember 1999 duerch de Stuerm Lothar zerstéiert.

Den Dag duerno hat de Bruno Bourg-Broc d'Iddi nees, wéi den André Procureur schonn 50 Joer virdrun, eng Natianalsouscriptioun ze maachen, fir d'Millen erëm kënnen opzeriichten, an et gouf e Veräi gegrënnt dee sech dodrëms sollt bekëmmeren. Am Ganze koumen 167.000 Euro an d'Kees.

2004 krut eng Firma vu Villeneuve d'Ascq den Optrag fir déi nei Millen opzeriichten. et gouf besonnesche Wäert drop geluecht, datt déi sou vill wéi méiglech dem Original sollt gläichen.

Déi nei Mille gouf den 20. September 2005 a Presenz vun der Verdeedegungsministesch Michèle Alliot-Marie ageweit.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Mille vu Valmy – Biller, Videoen oder Audiodateien