Millebaach (Uelzecht)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Millebaach: enger Niewebaach vun der Uelzecht tëscht Pretten an Hënsdref. Fir aner Baache mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Millebaach.
Millebaach
D'Millebaach op der Héicht vum CR123
Längt ca. 1,2 km
Hydrographesche
Baseng
Rhäin
Originn
Originn Quell
Plaz westlech vum Schwunnendall
Héicht 271 m
Koordinaten 49° 42’ 17.7’’ N
      06° 06’ 37.8’’ O
Konfluenz
Leeft an d'Uelzecht
Plaz beim Viaduc vu Luerenzweiler
Héicht 220 m
Koordinaten 49° 42’ 23.4’’ N
      06° 07’ 32’’ O
Geographie
Land Lëtzebuerg


D'Millebaach ass eng lëtzebuergesch Baach laanscht d'Grenz tëscht de Gemenge Lëntgen a Luerenzweiler.

D'Millebaach entspréngt op enger Héicht vun ca. 271 Meter am Flouer Colmeschbur, westlech vum Schwunnendall. Vu do aus fléisst se a Richtung Osten, laanscht d'Colmeschmillen, parallell mam CR123B, ënner dem CR123 erduerch an da weider laanscht d'Gemengegrenz tëscht Lëntgen a Luerenzweiler fir da kuerz virum Viaduc vu Luerenzweiler an d'Uelzecht ze lafen.

Niewebaachen[änneren | Quelltext änneren]

Zwou kleng Niewebaache lafe vu riets an d'Millebaach.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Millebaach (Uelzecht) – Biller, Videoen oder Audiodateien