Minette (Geologie)
Minette ass en oolithescht Eisenäerz dat am Süde vum Lëtzebuerger Land unzetrëffen ass, an der sougenannter Minettsgéigend, souwéi a Loutrengen. Den Numm ass am Fong e pejorativen Diminutiv vu mine (Grouf) wëll d'Minette e relativ schappegen Eisegehalt vun 22 bis 37% huet.
D'Minette ass während dem mëttlere Jura (Dogger) duerch Sedimentatioun an enger flaacher Mieresbucht entstanen a gehéiert zur Stuf vum Aalenium. D'Minette läit zu Lëtzebuerg an dräi bis sechs Lager vu gewéinlech zwéi bis dräi Meter Déckt. Et ënnerscheet een tëscht dem rouden, wëlle gielen, gielen, groen, brongen, schwaarzen a grénge Lager.
Dat gesamt Becke vu ronn 100.000 ha, vun deem mat 3.740 ha just e klengen Deel op haitegem Lëtzebuerger Staatsgebitt läit, gëllt mat geschatenen urspréngleche 6 Milliarden Tonnen Äerz als eent vun deene gréisste vun der Welt. Schonn am 3. Joerhonnert v. Chr. hunn d'Kelten dat sougenannte Bounäerz verhütt. D'Gallo-Réimer hu Stollen duerch de Fiels gedriwwen. Dat richtegt Ausmooss vun de Minette-Virkomme gouf awer eréischt 1850 vum Fransous Renaudin entdeckt an datselwecht Joer hunn d'Bridder Metz sech dru gewot fir Minette an hirem Eecher Betrib ze schmëlzen. Den héije Phosphorgehalt vun der Minette (0,5 bis 1,0%) huet ugaangs nach den industriellen Ofbau erschwéiert, bis datt dëse Manktem 1878 duerch d'Erfindung vum Thomas-Verfahre besäitegt konnt ginn. D'Offallprodukt Thomasmiel gouf zum richtege Segen fir de wéineg fruchtbaren Éisleker Buedem an huet do den Ubau vu Weess a Gromperen erméiglecht. Eng Hellewull Minettsdäpp goufe gebraucht, als éischt aus allen Deeler vum Land, duerno koume jonk Italiener an däitsch Biergfachleit, tëscht deenen zwéi Weltkricher du virun allem Polen a Jugoslawen. Bal 7.000 Biergaarbechter waren 1906 gläichzäiteg beschäftegt, duerno sinn et der duerch den Asaz vu Maschinnen nees manner ginn. Iwwer 1.400 Doudeger huet de Biergbau insgesamt ze bekloe gehat. Den Héichpunkt vun der lëtzebuergescher Äerzfërderung gouf mat bal 8 Milliounen Tonnen am Joer 1957 erreecht. Dëst konnt awer net verhënneren, datt d'Minette do scho sukkzessiv duerch méi héich konzentréiert Importäerzer (mat engem Eisegehalt ëm 60%) ersat gouf an ëmmer méi Grouwen hir Diere fir ëmmer zoumaachen hu missen. Den 1. Deyember 1981 huet mam Thillebierg zu Déifferdeng déi lescht Lëtzebuerger Grouf opgehalen, an den 28. Juli 1997 war och Exitus zu Tressange, Montrouge Däitsch-Oth (den Agank louch zu Esch-Uelzecht). Ee Mount drop gouf dee leschte Lëtzebuerger Héichuewe stëllgeluet. No ronn 140 Joer Ofbau dierft awer ëmmer nach d'Hallschent vun der Minette am Buedem waarden.
Reduktioun vun der Minette am Héichuewen [änneren]
Am Héichuewe gëtt dem Eisenoxid duerch eng chemesche Reaktioun mat Kuelestoff a Kuelemonoxid de Sauerstoff entzunn. Dës Reaktioun, bei där de Sauerstoff entzu gëtt, nennt ee Reduktioun.
Dobäi ginn och aner Oxider, zum Beispill Manganoxid a Siliziumdioxid, reduzéiert. Weiderhin hëlt d'Eise Kuelestoff op. Dofir entsteet am Héichueweprozess kee rengt Eisen, mä Réieisen, dat mat Kuelestoff, Silizium, Mangan, Phosphor a Schwiefel veronrengegt ass.