Minière
Eng Minière ass e Bauwierk fir Réistoffer mat Methode vun der Biergbau-Technik aus dem Buedem ze gewannen. Am enke Sënn ass et eng Anlag, bei där Galerien oder Schächt ënnert de Buedem ("ënner Dag") gedriwwe ginn. An engem méi wäite Sënn zielen och Ofbauplazen "iwwer Dag" dozou.
Inhaltsverzeechnes |
Ënner Dag [änneren]
Wa bei engem Virkomme vun enger Matière première am Buedem d'Héicht vum Ofraum esou grouss ass, datt den Erléis aus de Lageren déi ee gewanne wëll d'Käschten net méi dréit, da gëtt den Ofbau ënner Dag gemaach. Zu Lëtzebuerg gouf an deem Fall fir den Ofbau vun der Minette d'Method vum Piliersréckbau gebraucht. Vun enger Haaptstreck gounge Jonktiounen of, déi zu de parallel zu der Haaptstreck féirenden Diagonale gefouert hunn. Vun deene sinn dann nees d'Schantercher ofgaangen, parallel zu de Jonktiounen. Tëscht all Schantje blouwen an enger éischter Phase Piliere stoen. An der Pill dunn ass vun der Grenz erfort etappeweis en Duerschlag an all Pilier gemaach ginn an dann nach e Querschlag. Wat dann nach stoung gouf sukkzessiv och nach ewechgeholl, bis datt et zum Broch (Ale Mon) koum. Un der Dagesuewerfläch huet sech dat duerch Splécken, Senken oder Triichtere bemierkbar maache kënnen, well d'Deckschichten net ganz grouss waren.
Mat engem einfache Steebuer oder engem Turniki, du mat Murks oder Krak (1880) ass ugaangs an de Fiels gebuert ginn, bis datt e Pussoir an duerno eng Klé à Schock koumen, an nach méi spéit déi grouss Buermaschinnen op Pneuen.
Geliicht gouf sech mat enger Uelegluucht (fr. Guckuck oder dt. Gäppchen/Funsel), déi awer just anerhallef Mol sou staark war wéi eng Hefnerkäerz (1 HK = 0,903 cd). No 1892 hunn d'Karbidsluuchte mat hire 6-8 HK eng grouss Erliichterung bruecht. Zum Schluss koumen elektresch Luuchten zum Asaz, déi um Helm gedroe konnte ginn.
Den Dag gouf gehale vu Stempele mat Kappholz, dacks koum och e Kader mat Stempelen an enger Kap zum Asaz. Dëst konnt engen 10 Tonne Gebiergsdrock aushalen. Beim Eisenausbau huet een Träjer oder al Schinne geholl. Den éischte Bullong mat Käil huet virun allem Plaz gemaach fir méi grouss Maschinnen, gedroen huet e just eng Tonn méi wéi d'Holz. Dat huet sech verännert mam Bullong mat Spreiz a mat deem mat Polyesterhaarz, déi allebéid eng 16 Tonne Gebiergsdrock aushale kënnen.
Iwwer Dag [änneren]
Iwwer Dag gouf als éischt de Raum ofgedroen, deen aus Akerbuedem, Leem, Buch an oder Bengeléck bestanen huet. Iwwer Piste sinn dunn déi eenzel Lager an Tëscheschichten ofgebaut ginn, bis ënnen op d'Suel. All Block ass parallel ëmmer méi wäit verréckelt ginn.
Kuckt och [änneren]
- Minière Prince Henri, Esch-Uelzecht
- Minière Walert, Rëmeleng
Um Spaweck [änneren]
- Historesch an aktuell Fotoe vun de lëtzebuergesche Minnenagäng
- Aktuell Fotoe bannen an ausgewielte Minièren
- Filmreportage an enger lëtzebuergescher an enger franséischer Minière
| Commons: Mining – Biller, Videoen oder Audiodateien |