Minos

Vu Wikipedia

De Minos (II.) war an der griichescher Mythologie e bedeitende kretesche Kinnek.

Genealogie[änneren | Quelltext änneren]

Säi Grousspapp war de Kinnek Minos I. dee laut dem Homer de Jong vum Zeus a vum Europa war. De Minos II. war dem Lykastes säi Jong, obwuel den Zeus och als him säi Papp duergestallt gëtt. Seng Bridder sinn de Rhadamanthys a Sarpedon. Mat senger Fra Pasiphaë (eng Duechter vum Helios huet hien d'Kanner Ariadne, Phaidra an Androgeos.

Mythos[änneren | Quelltext änneren]

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Minotauros.
Wéi de Minos Kinnek gi sollt, huet hien de Mieresgott Poseidon ëm en Zeeche gefrot fir sech ze versécheren datt hien, an net säi Brudder, rechtméissege Kinnek wier. Deen huet him dunn e wäisse Stéier aus dem Waasser geschéckt deen de Minos him als Unerkennung affere sollt.

Dem Minos awer huet de Stéier sou gutt gefall, datt hien en anere Stéier a senger Plaz geaffert huet. Als Strof huet de Poseidon dofir gesuergt datt dem Minos seng Fra Pasiphaë sech mam Stéier vereenegt huet. Aus dëser Verbindung ass de Minotaurus entstanen, deen de Minos zu Knossos am Labyrinth dee vum Daidalos gebaut gouf agespaart huet.

Ëm déi selwecht Zäit ass säi Jong Androgeus zu Athen ëmbruecht ginn, wat zu engem Krich gefouert huet. Duerch d'Hëllef vum Zeus huet de Minos de Krich gewonnen, an Athen huet als Tribut misse reegelméisseg jeeweils 7 jonk Männer a Jongfraen op Kreta liwweren. Si sinn dem Minotaurus geaffert ginn. Den Theseus huet spéider de Minotaurus mat Hëllef vum Ariadne ëmbruecht.

Well den Daidalos dem Ariadne, a sou dem Theseus, gehollef huet, huet de Minos hie mat sengem Jong Ikaros am Labyrinth agespaart. Hinnen ass et awer spéider gelonge sech fräi ze maachen. Den Daidalos, deen op Sizilien bei de Kinnek Kokalos geflücht war ass vum Minos verfollegt ginn. Hien huet eng Flott ausgerëscht an ass du vu Kreta op Agrigent gefuer. Do huet hie seng Landtruppen ausgeschëfft an Ambassadeure bei de Kinnek geschéckt fir d'Ausliwwerung vum Daidalos ze fuerderen.

Deen awer war net grad enchantéiert dovun dat Truppen op senger Insel agefall sinn, ass awer zum Schäin op dem Minos seng Fuerderung agaangen an huet hie mat grousser Gaaschtfrëndlechkeet empfaangen. Dunn huet en ëm ugebueden e Bad ze huele fir sech vun de Strapazen z'erhuelen, wat de Minos och gär gemaach huet. Dës Geleeënheet hunn dem Kokalus seng Duechteren du geholl fir de kretesche Kinnek mat gliddegem Waasser z'iwwerschëdden an en sou ëmzebréngen.

Säi Kierper hu se dunn un d'Kreter iwwerginn ënner dem Virwand dat de Minos am Bad ausgerëtscht wier an aus Versinn an dat gliddegt Waasser gefall wier. Et gëtt 2 Versiounen: déi eng seet de Minos wier zeréck op Kreta gefouert ginn wou en dunn och begruewe gouf, déi aner seet e wier bei Agrigent begruef.

No sengem Doud as de Minos mat sengen zwéi Bridder Riichter an der griichescher Ënnerwelt, dem Hades ginn.

Verschiddenes[änneren | Quelltext änneren]

  • De Sophokes huet eng Tragedie iwwer de Mythos geschriwwen, déi awer leider verluer gaangen, respektiv nach just a Fragmenter erhalen, ass.
  • Nom Minos gouf déi minoesch Kultur benannt.


Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.
Hellenopedia – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer Griicheland an der Antiquitéit.


Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Minos – Biller, Videoen oder Audiodateien