Mira-Stär

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

D’Mira-Stäre si verännerlech Stären, déi no dem Stär Mira am Stärebild Cetus (Walfësch) genannt sinn.

Mira-Stäre si rout Risen oder Iwwerrisen mat Perioden tëschent 80 an 1.000 Deeg. Am Géigesaz zu den Cepheiden sinn si domat laangperiodesch Verännerlecher.

All Mira-Stäre weisen Emmissiounslinnenspektren vum spéideren Typ (K5-M9) un. Hir Periode sinn ëmsou méi laang, wat se méi kal sinn. Déi visuell Amplitudë leien tëschent 2,5 an 11 Gréissteklassen, déi net streng agehale ginn. Sou kann no engem ganz helle Maximum den nächste Maximum vill méi schwaach ausfalen. Grad ewéi d'Cepheide sinn d'Mira-Stäre Pulsatiounsverännerlecher. Hire Pulsatiounsmechanismus berout awer anescht wéi bei den Cepheiden net um Kappa-Mechanismus mä op der Ionisatioun vu Waasserstoff. Dat féiert zu der Emissioun vu Schockwellen an der Stäratmosphär, déi de Radius vum Stär ëm bis zu 50 Prozent variéiere léisst.

Kuckt och [änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie