Miriam Makeba

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

D'Miriam Makeba, gebuer de 4. Mäerz 1932 zu Johannesburg a gestuerwen den 10. November 2008 zu Castel Volturno (Italien), war eng südafrikanesch Sängerin, déi och als Mama Afrika bekannt war.

Hir Mamm war eng Swazi an hire Papp, dee gestuerwe war, wéi si 6 Joer hat, e Xhosa. Hire ganzen Numm besteet der Traditioun no aus de Virnimm vun hire männleche Virfahren an enger Beschreiwung vun een, zwee Wierder, vun deenen hirem Charakter: Zensile Makeba Qgwashu Nguvama Yiketheli Nxgowa Bantana Balomzi Xa Ufnu Ubajabulisa Ubaphekeli Mbiza Yotshwala Sithi Xa Saku Qgiba Ukutja Sithathe Izitsha Sizi Khabe Singama Lawu Singama Qgwashu Singama Nqamla Nqgithi.

Si huet schonn als Kand gesongen, an huet hir professionell Carrière an den 1950er Joren an der Band Manhattan Brothers ugefaangen, ier se dann hir eege Grupp, The Skylarks, forméiert huet.

Hir Lidder waren dacks eng Mëschung aus Jazz an traditionelle südafrikanesche Melodien. Zu hire bekanntste Stécker ziele Pata Pata, The Click Song (Qongqothwane op Xhosa) an Malaika. Si huet zesumme mam Harry Belafonte 1966 e Grammy Award fir hir Plack An Evening With Belafonte/Makeba kritt.

D'Miriam Makeba huet sech géint d'Apartheid a Südafrika engagéiert. Dowéinst krut si 1960 hire Pass annuléiert a krut verbueden, an hiert Land hannescht ze reesen. 9 Länner hunn hir dofir e Pass vu sech ausgestallt a si zur Éierebiergerin gemaach.

1968 huet si sech mam Chef vun de Black Panthers, dem Stokely Carmichael bestuet, wat zu Kontroversen an den USA an der Annulatioun vu Plakkekontrakter an Tournéeë gefouert huet. D'Koppel ass a Guinea geplënnert, gouf awer 1973 gescheet.

Nom Doud vun hirer eenzeger Duechter, 1985, ass si op Bréissel wunne gaangen. Den Nelson Mandela huet se 1990 iwwerzeegt, nees a Südafrika wunnen ze goen.

2005 huet si eng Tournée d'adieu an all Länner gemaach, wou se virdrun opgestruede war.

Si ass am November 2008 un engem Häerzschlag gestuerwen, nodeem se an Italien bei engem Concert opgetrueden ass, fir den Auteur Roberto Saviano z'ënnerstëtzen, dee vun der Camorra mam Doud bedreet gëtt.

Diskographie[änneren | Quelltext änneren]

Albumen[änneren | Quelltext änneren]

D'Miriam Makeba mam Dizzy Gillespie (1991).
  • Miriam Makeba: 1960
  • The Many Voices Of Miriam Makeba]: 1960
  • The World Of Miriam Makeba: 1962
  • Makeba: 1963
  • Makeba Sings: 1965
  • An Evening With Belafonte/Makeba(mam Harry Belafonte): 1965
  • The Click Song: 1965
  • All About Makeba]: 1966
  • Malaisha: 1966
  • Miriam Makeba In Concert!: 1967
  • Pata Pata: 1967
  • Makeba!]: 1968
  • The Promise: 1974
  • Country Girl: 1975
  • Pata Pata: 1977
  • Sangoma: 1988
  • [[elela: 1989
  • Eyes On Tomorrow: 1991
  • Sing Me A Song: 1993
  • A Promise: 1994
  • Live From Paris & Conakry: 1998
  • Homeland, 2000
  • Keep Me In Mind, 2002
  • Live at Berns Salonger, Stockholm, Sweden, 1966: 2003
  • Reflections, 2004
  • Makeba Forever]], 2006

Kompilatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • The Queen Of African Music - 17 Great Songs, 1987
  • Africa 1960-65 recordings, 1991
  • Eyes On Tomorrow, 1991
  • The Best Of Miriam Makeba & The Skylarks: 1956 - 1959 recordings, 1998
  • Mama Africa: The Very Best Of Miriam Makeba, 2000
  • The Guinea Years, 2001
  • The Definitive Collection, 2002
  • The Best Of The Early Years, 2003

Autobiographie[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Miriam Makeba – Biller, Videoen oder Audiodateien
Wikiquote: Miriam Makeba – Zitater