Mister Science

Vu Wikipedia
Déi al Gare zu Sandweiler-Gare

De Mister Science ass e Personnage deen 2009 vum Fonds national de la recherche an d'Liewe geruff gouf, fir d'Wëssenschaften an d'Lëtzebuerger Fuerschung an de Medie méi populär ze maachen. Op der Tëlee souwéi um Radio gëtt hie vum Diplom-Cheemiker Joseph Rodesch verkierpert.

Den Tëlee- a Radiostudio vum Mister Science ass an der aler Sandweiler Gare.

Medienoptrëtter[änneren | Quelltext änneren]

Mister Science op Eldoradio[änneren | Quelltext änneren]

Wëssenschaftlech Froen aus dem Alldag ginn hei beäntwert.

Erfinderr/Erfindung vun der Woch op RTL Radio Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

All Woch e Reportage iwwer eng Erfindung oder en Erfinder deen eis Welt e klengt Stéck verännert huet.

Pisa Wëssensmagazin op RTL Télé Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Am Kader vum Pisa-Wëssensmagazin op RTL mécht de Mister Science en Experiment zum Theema vun der Sendung.

Weider Aktiounen[änneren | Quelltext änneren]

Fouer Science[änneren | Quelltext änneren]

Op der traditioneller Schueberfouer erkläert de Mister Science unhand vu Comics, déi vum Andy Genen gemoolt goufen, d'Wëssenschaft vun der Fouer an allem wat dozou gehéiert.

Animateur scientifique Formatioun[änneren | Quelltext änneren]

Pro Joer ginn 3 Formatiouns-Weekender beim Service national de la jeunesse ugebuede fir Jonker vu 17 Joer un. D'Thematike si ganz verschidden a beschäftege sech mat wëssenschaftlechen Animatiounen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]