Mitra

Vu Wikipedia
de Bëschof Dr. Gebhard mat Mitra

Eng Mitra (vu gr. μιτρα - Stierbännchen) ass eng traditionell Kappbedeckung vu chrëschtleche Bëscheef an Äbt. Se gehéiert zu de sougenannte Pontifikalien.

D'Form vun der Mitra huet am Laf vun der Zäit evoluéiert: aus enger kegelförmeger Mutz ass eng Mutz mat zwee Schëlter (cornua) entstanen déi agaangs riets a lénks gedroe goufen an duerno vir an hannen. Déi selwecht Form wéi hautdesdaags huet d'Mitra zanter dem 11. Joerhonnert, an der Kierch (ausser der Orthodoxie). D'Bannefudder ass ëmmer nach grad wéi dat vun enger Mutz. Vir an hanne gëtt dat vu méi festem Stoff ëmfaasst deen no uewe spatz zouleeft. Hannen hänken zwee Bännecher, déi sougenannt Infuln, bis an den éischten Drëttel vum Réck erof.

Evolutioun vun der Form vun der Mitra am Laf vun der Zäit

An der orthodoxer Kierch ass eng Mitra eng héich bombéiert Mutz un där hannen e Stéck Stoff erofhängt.

Mitra aus der orthodoxer Kierch

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Mitres – Biller, Videoen oder Audiodateien