Mobile Servicing System

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De „Mobile Transporter“ während de Virbereedungen am Dezember 2001

De Mobile Servicing System (MSS) ass e Modul fir den Ënnerhalt vun der Internationaler Raumstatioun (ISS). Et kann Ersatzdeeler vun engem Ausleeër zum aneren transportéieren an ass domat eng Aart "Güterwaggon". Et hëlleft den Astronauten bei der Aarbecht a spillt eng Schlësselroll beim Bau vun der Statioun.

D'System besteet aus dräi Modulen:

  • De Canadarm2 ass d'Weiderentwécklung vum Roboteraarm, deen um Space Shuttle agesat gëtt. Vollstänneg ausgestreckt erreecht hien eng Längt vu 17,6 Meter. Dobäi kann hien eng Gesamtmass vun 116 Tonne bewegen. Op verschiddene Plaze vun der Statioun si Konnekteren ubruecht, un deenen de Roboteraarm fixéiert ka ginn. Dës sougenannte Power Data Grapple Fixtures (PDGFs) versuergen hie mat Energie a mat den auszeféierende Kommandoen. Sou kann de Canadarm2 mat engem raupenaartege Bewegungsoflaf, vun PDGF zu PDGF iwwer d'ISS wanderen, wouduerch säin Aarbechtsgebitt vergréissert gëtt. Hie gouf während der Missioun STS-100 zu der ISS bruecht.
  • Dat Mobile Base System (MBS) ass eng Plattform an déngt dem Canadarm2 als Ankerpunkt. D'MBS ka laanscht engem Schinnesystem, dat op den Auslegern verluecht ass, bewegt ginn. D'Kärstéck, de Mobile Transporter (MT), ass de Motor vum ganze System. Hie gouf zesumme mat dem S0-Truss mat STS-110 am Fréijoer 2002 zu der Statioun bruecht. De leschten Deel gouf mam STS-111 geliwwert.
  • De Special Purpose Dexterous Manipulator (SPDM) ass en Zousazmodul fir de Canadarm2, dat gären als "Canada-Hand" oder "Dextre" genannt gëtt. Et kann op der Spëtzt vum Roboteraarm festgemaach ginn a vergréissert seng Asazméiglechkeeten. Den SPDM gouf am Mäerz 2008 mat dem STS-123 zu der ISS transportéiert.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]