Modern Times (Museksgrupp)

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Modern Times (Band))
Modern Times
Museksgenre Pop-Rock
Land Lëtzebuerg
Grënnung 1993
Trennung 1993
Memberen Simone Weis (Gesank)
Jimmy Martin (Gesank, E-Gittar)

Modern Times war e lëtzebuergesche Pop-Rockduo, dee Lëtzebuerg 1993 beim Eurovision Song Contest vertrueden huet.[1]

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Modern Times gouf extra fir d'Occasioun vum Grand-Prix zu Millstreet an Irland gegrënnt. Si hu Lëtzebuerg mam Lidd Donne-moi une chance vertruden, dat haaptsächlech op Franséisch ass.[2] Et ginn awer och dräi Zeilen op Lëtzebuergesch gesongen. D'Lidd gouf vum Patrick Hippert zesumme mam Jimmy Martin geschriwwen.[3]

Ufanks sollt just d'Sängerin Simone Weis optrieden, mee an engem Interview am Joer 2018 huet den Jimmy Martin erzielt, datt den RTL Angscht hat, si kéint eleng ze nervös ginn an dowéinst gouf d'Lidd zum Duett ëmgeschriwwen an den Jimmy Martin huet matgesongen.

Op der Bün stoungen och nach de Batteur Rick Nell; an d'Keyboardspillerin Dany Caen, d'E-Gittaristin Ruth an de belsche E-Gittarist Patrick Alessi, déi och den Hannergrondgesank gesongen hunn.[4]

Den Dirigent fir de lëtzebuergeschen Optrëtt deen Owend war de Belsch Francis Goya.

D'Lidd ass op déi 20. vu 25 Plaze komm.[5] Lëtzebuerg krut 11 Punkten: 1 vu Slowenien an 10 vu Malta. Gewonnen huet an deem Joer déi iresch Sängerin Niamh Kavanagh mat In Your Eyes.

No der Eurovisioun huet Modern Times net weider existéiert. Nom Optrëtt vu Modern Times huet Lëtzebuerg joerzéngtelaang eng Paus am Eurovisioun Song Contest gemaach an eréischt 2024 e Comeback gemaach.

Diskografie[änneren | Quelltext änneren]

  • 1993: Donne-moi une chance / Heaven Only Knows (Single)

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Reischl, Frederick, 2011, Die Jimmy Martin Story, Eurovision Song Contest: S. 115-138, Éditions St. Paul, ISBN 978-2-87963-829-4

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. wort.lu: "Luxemburg wollte gar nicht gewinnen" vum Birgit Pfaus-Ravida (9. Mee 2018)
  2. Informatiounen iwwer d'Lidd op eurovisionworld.com
  3. Lëtzebuerger Rocklexikon II, 1995, Éditions Revue S. 77
  4. Informatiounen zum Optrëtt op sixonstage.com
  5. Millstreet 1993