Mohamed Bouazizi

Vu Wikipedia
D'Mohamed-Bouazizi-Plaz zu Paräis.

De Mohamed Bouazizi (محمد البوعزيزي), gebuer den 29. Mäerz 1984 zu Sidi Bouzid a gestuerwen de 4. Januar 2011 zu Ben Arous, war e tuneesesche Stroosseverkeefer, deen duerch säi Suizid um Urspronk vun der tuneesescher Revolutioun an domat vum sougenannten arabesche Fréijoer stoung.

Nodeem d'Police säi mobilen Uebststand konfiszéiert hat, well de Mohamed Bouazizi sech siwe Joer laang dogéint gewiert hat, Schutzgelder ze buezuelen, huet hien de 17. Dezember 2010 virum Gouverneursgebai Bensinn iwwer sech ausgeschott an ugestach. Hie gouf fir d'éischt am lokale Spidol gefleegt, duerno zu Sfax a schliisslech am Centre de traumatologie et des grands brûlés vu Ben Arous bei Tunis, wou hien de 4. Januar verscheet ass.

Seng Immolatioun huet eng Well vu Protester am ganze Land ausgeléist mat weidere Suiziden, déi de 14. Januar 2011, nëmmen zéng Deeg no sengem Doud, zum Stuerz vum Regime gefouert hunn. Den Diktator Ben Ali ass deen Dag a Saudiarabien geflücht.

Posthum Unerkennung[änneren | Quelltext änneren]

  • D'Gemeng Tunis ass wëlles, fir eng vun deene wichtegsten Avenuë vun der Haaptstad no him ze benennen, an zwar d'Avenue du 7-novembre déi nom symboleschen Datum genannt gouf, op deem den Diktator Ben Ali d'Muecht u sech gerappt hat.
  • Déi tuneesesch Post huet en Timber mat sengem Gesiicht erausbruecht.
  • D'Gemeng Paräis huet eng ëffentlech Plaz no him genannt:d' "Place Mohamed-Bouazizi en hommage au peuple tunisien et à sa révolution de janvier 2011".
  • De Centre de traumatologie et des grands brûlés soll op « Hôpital Mohamed-Bouazizi » ëmgenannt ginn.
  • Posthum krut hie vum Europaparlament de Sakharov-Präis 2011 zesumme mat 4 aner Perséinlechkeeten, déi Verdéngschter um arabesche Fréijoer hunn.
  • De marokaneschen Auteur Tahar Ben Jelloun huet 2011 bei Gallimard déi kuerz Geschicht "Par le feu" publizéiert, déi dem Mohamed seng lescht Woche verzielt: « un homme simple, comme il y en a des millions, qui, à force d'être écrasé, humilié, nié dans sa vie, a fini par devenir l'étincelle qui embrase le monde ».[1]
  • D'Dageszeitung The Times nennt de Mohamed Bouazizi Perséinlechkeet vum Joer 2011.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Ben Jelloun, Tahar, 2011. Par le feu. Récit. Gallimard, Paris. 50 S.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Mohamed Bouazizi – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Cf. Ben Jelloun 2011 an der Literatur.