Mohammed Waheed Hassan

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Mohammed Waheed Hassan

De Mohammed Waheed Hassan (Dhivehi: ޑރ. މުހައްމަދު ވަހީދު ޙަސަން މަނިކ ), gebuer den 3. Januar 1953 zu Malé, ass ee maledivesche Politiker.

Hien huet op der American University of Beirut an der Stanford University International Affairs and Business studéiert. Hie war Delegéierten Direkter vun der Organisatioun UNDCO um Quartier général vun de Vereenten Natiounen zu New York, ier en 2005 op d'Malediven hannescht goung. Vun 2008 bis 2011 war den Hassan Vizepresident ënner dem Mohamed Nasheed. Zënter dem 7. Februar 2012 ass hie President vun de Malediven.[1] Den Hassan ass Member vun der Gaumee Itthihaad Partei.

Weblinks [änneren]

Referenzen [änneren]