Moiren

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Moiren sinn déi griichesch Schicksalsgëttine genannt ginn, d'Kanner vun der Nyx (anere Quelle no vum Zeus an der Themis). Den Numm ass ofgeleet vum gr. μοίρες/ Μοίραι ("Moirai") an heescht souvill wéi Undeel, Lous, Schicksal. Et sinn dräi al Fraen:

  • Klotho (d'Spënnerin) mat der Spëndel, déi de Liewensfuedem spënnt
  • Lachesis (déi déi zoudeelt) mit der Schrëftroll, déi d'Liewenslous zoudeelt
  • Atropos (déi net ofzeweisen ass) mat der Schéier, déi de Liewensfuedem ofschneid.

D'Moire krute grousse Respekt entgéintbruecht a souguer d'Gëtter hate keen Afloss op hir Entscheedungen. Sou kann z. B. och den Zeus net den Doud vu sengem Jong Sarpedon am Kampf géint de Patroklos am Trojanesche Krich verhënneren.

Déi dräi Moiren nom John Strudwick: "A Golden Thread" vun 1885. (Tate Gallery, London)

Entspriechungen[änneren | Quelltext änneren]

Greek deity head icon.png Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.
Commons: Moirae – Biller, Videoen oder Audiodateien