Monemvasia
|
|
|
|---|---|
| Regioun: | Peloponnes |
| Prefecture: | Lakonien |
| Provënz: | Epidavros Limiras |
| Geographesch Lag: | 36° 41' 16" N 23° 03' 06" O |
| Fläch: | |
| Awunner: | 3,950 |
| Héicht: | tëscht 15 m a 400 m |
| Postcode: | 230 70 |
| Websäit: | |
Monemvasia oder Monemvassia (Griichesch: Μονεμβασία), och Malvasy, ass eng vun Touriste villbesichten Uertschaft a Griicheland. Si läit op engem Fiels virun der Küst am Südoste vun der Hallefinsel Pelopponnes.
Etymologie [änneren]
Hiren Numm verdankt dës Klengstad hirer Lag: monem embasia = eenzegen Zougang. Well dës befestegt Stad sou schwéier eruewert konnt ginn, ass si bis zur griichescher Onofhängegkeet als d'Gibraltar vum Osten betruecht ginn. Monemvasia huet och dem Malvasier, e roude Wäin, dee vun do aus exportéiert gouf, säin Numm ginn.
Lag [änneren]
Monemvasia läit laanscht Mier op der Südost-Säit, um Fouss vun engem Fiels vun ca. 300 Meter Héicht, 1,8 km Längt a 600 Meter Breet. D'Uertschaft besteet aus zwéin Deeler: der mëttelalterlecher Ënnerstad, déi vu Maueren ëmginn ass, an der Zitadell uewen um Fiels, déi nëmmen iwwert een eenzege Wee zougänglech ass.
D'Zitadell ass zënter den 1920er Joren net méi bewunnt.
Kuckeswäertes [änneren]
Wat den Touristen opfält, sinn déi schmuel Gässele mat glatem Pavé. Si si knubbeleg, mä romantesch, wéi a fréieren Zäiten. Wann et och näischt ass fir Dammen mat héijen Talleken, dann ass et trotz allem eng Uertschaft mat villem touristeschen Charme. Op d'Iesele mat hire schwéiere Laaschte muss een oppassen. Charakteristesch ass et och, datt meeschtens zu Monemvasia e kräftege Wand bléist.
De griicheschen Dichter Yannis Ritsos staamt vu Monemvasia, a läit do begruewen.
| Commons: Monemvasia – Biller, Videoen oder Audiodateien |