Monique Philippart

Vu Wikipedia
Monique Philippart
Gebuer 15. Juni 1955
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller


D'Monique Philippart, gebuer als Monique Schmitt de 15. Juni 1955 zu Esch-Uelzecht, ass eng lëtzebuergesch Schrëftstellerin vu Kanner- a Jugendbicher, déi sech och un Erwuessener riichten. Dacks sinn d'Bicher am eegene Verlag erauskomm resp. an Zesummenaarbecht mam FGIL-Verlag. Auszich aus hire Wierker sinn am E Buch am Zuch verëffentlecht ginn.

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

No hirer Première 1973 am Lycée Hubert-Clément huet si dräi Joer am Centre de Logopédie mat Kanner déi sproochbehënnert sinn oder net gutt gesinn, geschafft. Vun 1977 bis 1980 huet si a Brasilien zu Sao Paolo gelieft a benevole an engem SOS Kannerduerf geschafft. Vun 1984 bis 1986 huet si Theologie studéiert a vun 1986 bis 2000 Reliounsunterrecht a verschiddene Primärschoulen zu Esch-Uelzecht gehalen.

Mat hirem Mann Yves zesummen hu si 11 Kanner, eegener, Adoptivkanner an och Kanner a Fleeg. D'Monique Philippart versteet sech als eng engagéiert Kämpferin fir sozial Gerechtegkeet a schafft aktiv an der Netregierungsorganisatioun Hand an Hand, fir besonnesch Kanner a Jugendlechen a Südamerika an a Polen ze hëllefen.[1]

Nodeem si 1976 e Schreifconcours fir Kannergeschichte gewonnen hat, huet d'Lëtzebuerger Wort hir ugebueden, d'Kannersäit am Sonndesblat ze gestalten. Aus dëse Geschichten entsteet och hiert éischt Buch: ABC, Geschichten der großen Buchstabenfamilie. Hir Theme sinn Generatiounskonflikter, Depressiounen, Gewalt an der Famill, Verhalenstéierungen, Krankheet a Sucht. E besonnesche Schwéierpunkt leet si op d'Verhältnes tëschent Mamm a Kand. An de Jugendbicher dréinen d'Theme méi ëm sozial Benodeelegung an Ausgrenzung.

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • 2023, Lili, das EINhorn, Verlag FGIL
  • 2022, 1000 Strëmp fir de Luc / 1000 Socken für Lukas, Verlag FGIL
  • 2022, Den Tu... Tu... Tuddeltun / Sto... Sto... Stottertom, Verlag FGIL
  • 2019, Anders! Na und... Wir sind nicht alle gleich, aber gleich viel wert., Verlag FGIL
  • 2014, Enfants du Luxembourg, Kinder in Luxemburg (Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch), Illustratioun: Simone Thill - Theema: Kanner, esou ënnerschiddlech se och nëmme si kënnen, hunn all eppes zesummen: se liewen zu Lëtzebuerg.
  • 2013, Cocinella sucht ihre Mutter - Theema: En Aacht-Punkt-Himmelsdéierche gëtt mat 12 Joer gewuer, datt et adoptéiert ass a mécht sech mat senger Frëndin Mira op d'Sich no senger "richteger" Mamm.
  • 2010, Gartenzwerge küsst man nicht - Theema: E klenggewuessene Jong vun 1,38 Meter versicht sech an engem Escher Lycée ze behaapten a verléift sech an e "grousst" Meedchen.
  • 2005, Amanda, Das Mädchen, das nicht zur Schule durfte - Theema: Eng jonk Brasilianerin aus de Favelas vu Salvador mécht alles fir kënnen an de Lycée ze goen.
  • 2002, Philippe, Éditions Saint-Paul - Theema: En traumatiséierte brasilianesche Jong fënnt zu Lëtzebuerg eng nei Famill.
  • 2000, Laura - Theema: E couragéiert Meedchen, dat ouni Äerm a mat just engem Been op d'Welt koum.
  • 1998, Tom - Theema: E Jong a Fleeg sicht seng Mamm.
  • 1995, Martine - Theema: E Puppelche stierft bei engem Accident.
  • 1980, ABC… Geschichten der großen Buchstabenfamilie

Auszeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

  • 2012: Literaturpräis vun der Diözees Rottenburg-Stuttgart
  • 2010: Lëtzebuerger Buchpräis
  • 2002: "Eberhard- Kinder- und Jugendliteraturpreis des Landkreises Barnim"
  • 2001: Prix Servais: Mention Spéciale du Jury
  • 1980: 1. Präis beim "Kurzgeschichten-Wettbewerb" vum Bistum Tréier
  • 1976: 1. Präis fir Kuerzgeschichten (Lëtzebuerger Wort)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. (de)Christiane Wagner, „Anders! Na und ...?“ PORTRÄT Monique Philippart, die Escherin mit der etwas anderen Lebensgeschichte. Tageblatt (23.5.2019). Gekuckt de(n) 1.9.2023.