Monnerech

Vu Wikipedia
Monnerech
D'Gemengenhaus vu Monnerech
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Mondercange
de: Monnerich
Land Lëtzebuerg
Kanton Esch-Uelzecht
Gemeng Monnerech
Buergermeeschter Jeannot Fürpass (CSV)
Awunner 3.794
  1. Januar 2021; 1. Januar 2022; 1. Januar 2023
Héicht 290 m
Koordinaten 49° 31’ 55’’ N
      5° 59’ 20’’ O


Monnerech ass eng lëtzebuergesch Uertschaft am Kanton Esch-Uelzecht. Si ass den Haaptuert vun der Gemeng Monnerech.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Uertschaft Monnerech ass eng vun deen eelsten am Land: schonn am Joer 965 gouf se an engem offiziellen Akt ernimmt, deen d'Cessioun vun den herrschaftleche Rechter, déi de Grof Siegfreid um Duerf hat, mat der Abtei Iechternach gereegelt huet. Déi éischt chrëschtlech Kierch (aus dem 10. Joerhonnert) stoung warscheinlech net wäit ewech vun do, wou déi haiteg Kierch steet, dat heescht bei der Kräizung vun der Escher Strooss mat der Kierchestrooss.

1989 goufen d'Reschter vun enger grousser réimescher Proprietéit (villa rustica) fonnt an den Nationalmusée huet archeologesch Ausgruewungen organiséiert. Déi Entdeckung beweist, datt d'Duerf zanter der gallo-réimescher Zäit besteet.

Duerch seng geographesch Lag - tëscht dem Herzogtum Lëtzebuerg a Loutrengen - hat Monnerech wärend dem ganze Mëttelalter eng zimmlech beweegt Geschicht.

Hexeprozesser huet et géint d'Enn vum 16. Joerhonnert an ëm 1620 ginn. D'Pescht huet d'Awunnerzuel ëm d'Hallschent reduzéiert. D'Iwwerfäll vu Sëldner hu wärend deene sëllege Kricher vum 17. Joerhonnert d'Duerf méi wéi eemol niddergebrannt.

Trotzdeem, dat 18. Joerhonnert a besonnesch déi éisträichesch Herrschaft ënner der Maria Theresia hunn d'Liewensqualitéit däitlech verbessert d'Awunner vum Duerf, wéi och vum ganze Land. 1738 gouf déi nei Kierch gebaut. Dës Kierch kann een nach haut gesinn. Se gouf wéinst hirer typescher Barock-Architektur als Monument national klasséiert.

1804 hat d'Uertschaft Monnerech 80 Haiser a Biergem der 20, Steebrécken a Féiz haten der jee 21. Et goufen 21 "Aarmer" an 3 "Heescheleit".

D'Entwécklung vun der Siderurgie géint Enn vum 19. Joerhonnert, déi Nopeschuertschafte wéi Esch-Uelzecht, Déifferdeng oder Diddeleng a richteg Stied verwandelt huet, hat kaum Afloss op Monnerech an aner Uertschaften an der Gemeng. Déi Dierfer blouwen duerch den Akerbau markéiert. Eréischt nom Zweete Weltkrich a virun allem an den 1970er an 1980er Jore gouf et eng reegelrecht Bevëlkerungsexplosioun.

D'Barock-Kierch

Spëtznumm[änneren | Quelltext änneren]

De Spëtznumm vun de Monnerecher ass Monnerecher Bounesäck.

De Begrëff ass sou populär ginn, datt sech de Monnerecher Theater viru Joren d'Monnerecher Bounesäck' genannt huet. Mëttlerweil huet zanter 2022 de Supporterclub vum FC Monnerech dësen Numm iwwerholl.

Wou kënnt deen Numm hier? Anescht wéi an den Nopeschgemengen haten d'Monnerecher Baueren en décke bronge Lehmbuedem wou d'Boune beschtens gewuess sisn. Dovun hunn natierlech och d'Schwäi profitéiert, déi gutt gemäscht mat Bounegréngs fett Hamen haten. D'Monnerecher Leit hu behaapt hir Schwäi wiere méi déck wéi déi aus den Nopeschdierfer, wou esouguer d'Mais Tréinen an den Aen haten, wa se sech emol a sou enger Haascht verlaf haten. A well se an den Nopeschgemenge jalous iwwer d'Monnerecher Schwäi gewiescht wieren, hätte se d'Monnerecher Leit "Bounesäck" genannt.

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Weber, John: La population de Mondercange de 1766 à 1803 - In: 100 Joer Pompjeën Monnerech: 1901 - 2001. - Monnerich: Sapeurs-pompiers, 2001. - P. 128-141, tabl.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Monnerech – Biller, Videoen oder Audiodateien