Monoceros-Rank

Vu Wikipedia

De Monoceros-Rank, benannt no dem Stärebild vum Monoceros, ass eng Struktur aus Millioune vu Stären,déi sech rankfërmeg ëm d'Mëllechstrooss erstreckt a sech dobäi méi dacks ëm d'Mëllechstroosse-Galaxis béit.

Astronomesche Kontext[änneren | Quelltext änneren]

Den Urspronk vum Phenomeen ass net vollstänneg gekläert, gëtt awer meeschtens mat der Canis-Major-Zwerggalaxis a Verbindung bruecht. Dëser Thees no besteet de Rank aus stellarem Material, dat sech aus der Canis-Major-Zwerggalaxis wärend hirer Verschmëlzung mat eiser Galaxis duerch d'Wierkung vu Gezäitekräfte geléist huet. Déi komplex Rankstruktur ass dobäi iwwer een Zäitraum vu villen honnert Millioune Joren entstanen.

Verschidden Astronome ginn allerdéngs dovun aus, datt souwuel de „Rank“ wéi och de Canis-Major-System nëmme wäit verdeelte Regioune vum „Thick Disk“ vun der galaktescher Scheif sinn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]