Monoceros (Stärebild)

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Date vum Stärebild Monoceros
Lëtzebuergeschen Numm Eenhar
Laténgeschen Numm Monoceros
Laténgesche Genitiv Monocerotis
Laténgesch Ofkierzung Mon
Rektaszensioun 5h 55m bis 8h 11m
Deklinatioun -11° 22' bis +11° 56'
Fläch 482 Quadratgrad
Siichtbar op de Breedegraden 75° Nord bis +85° Süd
Observatiounszäitraum
fir Mëtteleuropa
Wanter
Zuel vu Stäre mat
der Gréisst < 3m
keng
Hellste Stär,
Gréisst
α Monocerotis
3,8m
Meteorstréim Alpha-Monocerotiden
Monocerotiden
Nopeschstärebiller
(vun Norden am
Auerzäresënn)

Canis Minor
Orion
Lepus
Canis Major
Puppis
Hydra
Gemini

Kaart vum Stärebild Monoceros

D'Eenhar (griichesch Monoceros) ass e Stärebild südlech vum Himmelsequator.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

De Monoceros ass e relativ onschäinbaart Stärebild westlech vum markanten Orion an nërdlech vum helle Stär Sirius am Groussen Hond. Et huet nëmmen zwéi Stären, déi méi hell wéi déi 4. Gréissteklass sinn.

Duerch de Monoceros zitt Band vun der Mëllechstrooss, dofir huet hien eng Rei vun niwwelegen Objeten, wéi den oppene Stärekoup M50 an de Rosettenniwwel.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Eenhar gehéiert net zu de klasseschen 48 Stärebiller vun der Antikitéit.

Et gëtt dem hollänesche Kartograph Petrus Plancius zougeschriwwen, deen am Joer 1623 en Himmelsglobus gebaut huet, op deem hien nei Stärebiller gemoolt huet. De Plancius huet déi meescht chrëschtlech Motiver gewielt: D'Eenhar (unicornis) gëtt an der laténgescher Bibel (Vulgata) dacks notéiert, modern Bibeliwwersetzunge schreiwen do iwwer Büffelen.

De Jacob Bartsch huet am Joer 1624 d'Unicornus a seng Stärekaart opgeholl.

Den Heinrich Wilhelm Olbers an de Ludwig Ideler hunn allerdengs drop higewisen, datt d'Konstellatioun schonn virun 1564 beschriwwe gouf. Nom Joseph Scaliger soll et schonn op engem antike perseschen Himmelsglobus duergestallt sinn.

Himmelsobjeten[änneren | Quelltext änneren]

Stären[änneren | Quelltext änneren]

B F Numm o. aner Bezeechnungen Gréisst Lj Spektralklass
β 5 3,76m 691 B3 V + B3ne
α 26 Lucida, Lukida 3,94m 144 K0 III
γ 5 3,99m 645 K3 III
δ 22 4,15m
ζ 29 4,36m 1853 G2 Ib
ε 8 4,39m 128 A5 IV
13 4,47m 1510 A0 Ib
18 4,48m 373 K0 III
15 4,66m 1023 O7
28 4,69m 473 K4 III
17 4,77m 485 K4 III
20 4,91m 211 K0 III
3 4,92m 980 B5 III
27 4,93m 250 K2 III
19 4,99m 1117 B1 V
2 5,04m 328 A6m
HR 2205 5,06m 1204 B2 V
10 5,06m 1354 B2 V
HR 2508 5,08m 1310 M1 II
HR 2395 5,09m 537 B5 Vn
25 5,14m 202 F6 III
HR 2334 5,19m 951 K1 II
HR 2142 5,19m 919 B2 Vne
HR 2469 5,21m 378 M0 III
HR 2639 5,22m 682 M2 III
HR 2375 5,22m 211 A3 V
7 5,27m 824 B2 V
HR 2267 5,36m 511 K1 III
HR 2154 5,37m 2132 B5 IV
HR 2381 5,43m 870 K2 III
HR 2572 5,44m 485 A4 IV
21 5,44m 261 F2 V
HR 3014 5,49m 238 K5 III

Den α Monocerotis läit op enger Distanz vun 144 Liichtjoer vun eis ewech, de Stär liicht orange a gehéiert zu der Spektralklass K0 III.

Den γ Monocerotis ass 645 Liichtjoer vun eis ewech a gehéiert zu der Spektralklass B2 IV.

Méifachstären[änneren | Quelltext änneren]

System Gréissten Ofstand
β 4,5 / 5,4 /5,6m 7,3/2,8"
ε 4,4 /6,7m 13,3“

Den β Monocerotis ass e Méifachstäresystem op enger Distanz vun 691 Liichtjoeren. Et ëmkreesen dräi Stäre vun der Spektralklass B3 e kollektiven Zentrum.De Wilhelm Herschel huet d'System am Joer 1781 endeckt.

Den ε  Monocerotis ass en Duebelstäresystem op enger Distanz vun 128 Liichtjoer. Déi béid Komponente sinn an de Spektralklassen A5 an F5.

Verännerlech Stären[änneren | Quelltext änneren]

D'Nova V838, opgeholl mat dem Hubble-Weltraumteleskop
Stär Gréisst Period Typ
U 5,8 bis 7,2m 92 Deeg Hallefregelméisseg Verännerlecher
T 5,6 bis 6,6m 27,025 Deeg Cepheiden
R 10 bis 12m
V838

Den U Monocerotis läit 4.000 Liichtjoer wäit ewech an ass en hallefregelméisseg verännerleche Stär, dee seng Hellegkeet iwwer en Zäitraum vu ronn 92 Deeg verännert.

Den T Monocerotis ass 8.000 Liichtjoer ewech a gehéiert zu der liichtkräfteger Grupp vun den Cepheiden. Seng Hellegkeet verännert sech an engem Zäitraum vun 27 Deeg.

Béid Stäre kënne während dem Hellegkeetsmaximum grad nach mat bloussem A gesi ginn.

Den R Monocerotis ass e verännerleche Stär am oppene Stärekoups NGC 2261. Seng Hellegkeet läit tëscht 10 an 12 Magnetud.

Den V838 Monocerotis ass ronn 20.000 Liichtjoer vun eis ewech. Am Januar 2002 huet den Hubble-Weltraumteleskop hei eng Nova registréiert.

Messier- an NGC-Objeten[änneren | Quelltext änneren]

Messier (M) NGC aner Gréisst Typ Numm
50 2323 7m Oppene Stärekoup
2232 3,9m Oppene Stärekoup
2236 7,5m Oppene Stärekoup
2237 14m Emissiounsniwwel Rosettenniwwel
2244 5,8m Oppene Stärekoup
2250 8,9m Oppene Stärekoup
2251 7,3m Oppene Stärekoup
2261 10,0m Oppene Stärekoup
2264 Oppene Stärekoup Chrëschtbamniwwel
2269 10,0m Oppene Stärekoup
2286 7,5m Oppene Stärekoup
2301 8,0m Oppene Stärekoup
2324 8,5m Oppene Stärekoup
2335 7,2m Oppene Stärekoup
2343 6,7m Oppene Stärekoup
2353 7,1m Oppene Stärekoup

Den M 50 ass en Oppene Stärekoup op enger Distanz vun 3.000 Liichtjoer. Hien enthält ongeféier 100 Stären.

Den Oppene Stärekoup NGC 2244 ass 5.000 Liichtjoer ewech. Ëm de Stärekoup läit den NGC 2237, dee berühmte Rosettenniwwel. Déi relativ jonk, liichtkräfteg Stäre vum Koup regen déi ëmleiend Gaswolleken zum Liichten un.

Den NGC 2261 läit 3.000 Liichtjoer ewech. Et handelt sech ëm e Reflexiounsniwwel, och Hubble-Niwwel genannt. Den Niwwel verännert seng Hellegkeet a Gréisst iwwer Wochen a Méint.

Den NGC 2264 läit och 3.000 Liichtjoer ewech an ass e Stärekoup. Wéinst senger dräieckeger, spatzer Konstellatioun gëtt hien och de „Chrëschtbamstärekoup“ genannt. Seng Stäre si vun engem Gasniwwel ëmginn, an deem donkel Wolleken aus Stëbs a Gas sinn. Eng vun den donkele Wolleke gëtt wéinst hirer Form Konusniwwel genannt.

Den NGC 2301 ass 2.500 Liichtjoer wäit ewech.

Den NGC 2324 ass e Stärekop op enger Distanz vu 15.000 Liichtjoer.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Monoceros – Biller, Videoen oder Audiodateien