Monocerotiden

Vu Wikipedia
Monocerotiden
Aktivitéitszäitraum 27. November - 17. Dezember
Aktivitéitsmaximum 9. Dezember
Radiantepositioun
vum Maximum
RA: 6h 40m
DE: +8°
ZHR 3
Populatiounsindex 3,0
Geozentresch Vitess 42 km/s

D'Monocerotide sinn e Meteorstroum mat enger klenger ZHR vun 3 Meteore pro Stonn. Als Mammekierper vun dësem Stroum gëtt de Koméit P/Mellish gefouert.

Beim Aktivitéitsufank de 27. November ass de Radiant am Stärebild Orion, knapps ëstlech vum Stär Betelgeuze. Uschléissend verlagert sech de Radiant zirka 1 Grad ëstlech pro Dag. Um Dag vum Maximum ass de Radiant am nërdlechen Areal vum Stärebild Monoceros.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie