Monochloromethan
| Monochloromethan | |
|---|---|
| Systemateschen Numm (IUPAC) | Monochloromethan |
| Trivialen Numm | Methylchlorid Chloromethan |
| Chemesch Formel | CH3Cl |
| Ausgesinn | duerchsiichtege Gas |
| Eegeschaften | |
| Dicht | 2.22 kg/m3 |
| Léislechkeet | 5.325 g/l (am Waasser) |
| Molmass | 16,04 g/mol |
| Schmëlzpunkt | -182,5 °C |
| Kachpunkt | -161,7 °C |
| Thermodynamesch Daten | |
| Standard Formatiounsenthalpie
|
–83.68 KJ·mol−1 |
| Standardentropie
|
234.36 J·K−1·mol−1 |
| Verbrennungsenthalpie
|
–764.0 KJ·mol−1 |
| Weideres | |
| Ähnlech Molekülen | Dichloromethan Trichloromethan Tetrachloromethan |
| Chemesch Famill | Chlorkuelewaasserstoffer |
Monochloromethan ass een vun de véier chloréierten Derivatsproduiten vum Methan.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Physikalesch Eegenschaften
Monochloromethan ass e Gas, deen zu enger Flëssegkeet kompriméiert gëtt. En huet keng Faarf a richt no Ether.
[änneren] Hierstellung
Monochloromethan entsteet beim Erhëtze vu Chlor a Methan op 400–500 °C. Bei dëser Temperatur kënnt et zu enger gradueller Substitutioun vum Waasserstoff duerch de Chlor:
(Monochloromethan)
(Dichloromethan)
(Trichloromethan)
(Tetrachloromethan)
D'Resultat vun dem Prozess ass e Gemësch vun deene véier Zorte vu Chloromethan, déi duerch Destillatioun getrennt kënne ginn.
Technesch gëtt Monochloromethan duerch eng Reaktioun tëscht dem Methanol an dem Waasserstoffchlorid gewonnen:
[änneren] Uwendung
Fréier war Monochloromethan e Anesthésiant. An der Industrie gëtt Monochloromethan als Léisungsmëttel benotzt. E gëtt och als Kill- an Dreiwmëttel gebraucht. Fir Siliconen hierzestellen, gëtt en als Methyléierungsmëttel geholl. E soll a loftdicht Behälteren gelagert ginn.
An der organescher Chimie ass Monochlormethan en Zwëscheproduit fir aner Substanzen ze produzéieren.
[änneren] Auswierkungen op d’Gesondheet
Wann ee gréisser Quantitéite vun den Dämp vum Monochloromethan chronesch oder punktuell anotmet, tauchen d’Vergëftungssymptomen oft no e puer Stonnen op. Dat sinn ënner aneren Dronkenheet, Bauchwéi, Kappwéi, Siichtstéierungen a se kënne bis zum Koma oder zum Doud féieren. Nieren-, Liewer- a Gehirschäden sinn och méiglech.
[änneren] Literatur
- Martindale, The Extra Pharmacopoeia, Thirtieth Edition
(Monochloromethan)
(
(
(