Monolith
De Begrëff Monolith (griich. mono - eenzel~ a lithos - Steen) heescht esouvill ewéi "Eesteen". Bezeechent ginn domatter gréisser Natursteng, wéi z. B. den Ayers Rock (Uluru) an Australien oder soss Objeten, déi aus engem Stéck bestinn.
A bestëmmte Reliounen a Kulturen hu monolithesch Steng dacks eng reliéis oder kultesch Bedeitung.
Déi dräi gréissten natierlech Monolithe sinn:
- Mount Augustus an Australien;
- Uluru (Ayers Rock), am Outback an Australien;
- Stone Mountain, bei Atlanta, Georgia, USA.
An der antiker Konscht ginn och déi Statuen, déi aus engem Stee gehae sinn, monolithesch genannt.
Iwwerdroe Bedeitung [änneren]
Am iwwerdroene Sënn gëtt als monolithesch bezeechent, wat wéi aus engem Goss, also net zesummegesat oder aus verschiddene Stécker ass.
An der Economie kennt een och de Begrëff monolithesch. D'Wirtschaftsstruktur ass monolithesch, wann se op een eenzege Wirtschaftssekteur opgebaut ass. Dat war de Fall fir Lëtzebuerg, soulaang wéi d'Land bal ausschléisslech vun de Schmelzen ofgehang huet.