Monophona

Vu Wikipedia

Monophona ass eng lëtzebuergesch Museksgrupp, déi eng Mëschung aus elektronescher Musek a Song-Writermusek spillt. Hir Texter sinn op Englesch.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Grupp hat hiren Ufank am Wanter 2010, wou d'Claudine Muno mam DJ Chook e gemeinsame musikalesche Projet diskutéiert hunn, obwuel se vu ganz verschiddene musikalesche Richtunge koumen. Wéi se ugefaangen hunn, live op der Bün opzetriede koum als drëtte Bandmember de Perkussionist Jorsch Kass dobäi.

Se haten eng Rei national an international Optrëtter, z. B. si se um Printemps de Bourges-Festival an op der Midem (Musekfoire) zu Cannes als Vertrieder vu Lëtzebuerg opgetrueden. Och um FFYS-Festival 2012 ware se dobäi.

Am November 2012 ass hir éischt CD The Spy erauskomm.

Deen zweeten Album gouf den 30. Januar 2015 mat engem Live-Concert am Exit07 presentéiert.[1]

Bandmemberen[änneren | Quelltext änneren]

  • Claudine Muno (Gesank, Gittar, Keyboard)
  • Philippe Schirrer aka Chook (Elektronesch Produktioun)
  • Jorsch Kass (Perkussioun)

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

  • 2012, The Spy (Album)
  • 2015, Black on Black (Album)
  • 2017, Girls on Bikes, Boys Who Sing (Album)

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Release-Party: Monophona entführt Publikum in eine mysteriöse Welt op wort.lu den 31. Januar 2015