Monotheismus

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Qsicon Ueberarbeiten.png Dësen Artikel entsprécht net de Wikipedia-Critèrë fir en enzyklopedeschen Artikel. Dat kann dru leien datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, oder en nach net nom Stil vun engem Wikipedia-Artikel formatéiert gouf. Et kann och sinn, datt den Inhalt net an eng Enzyklopedie gehéiert, sou wéi en am Moment do steet. Fir ze verhënneren datt dësen Artikel eventuell geläscht gëtt, muss en onbedéngt iwwerschafft ginn.

De Begrëff Monotheismus (gr.μόνος mónos "alleng" an θεός theós "Gott") bezeechent Reliounen déi nëmmen een eenzege Gott kennen an unerkennen. Esou ginn dës Reliounen an de Rechtswëssenschafte vum Polytheismus a vun der Monolatrie ënnerscheet. Ënner Polytheismus versteet een eng Relioun déi u méi wéi ee Gott gleeft, an ënner Monolatrie versteet een eng Relioun déi och u méi Gëtter gleeft, awer nëmmen een als Haaptgott ugesäit.

Aféierung [änneren]

Wann een déi verschidde Weltreliounen betruecht, da ginn d'Chrëschtentum, d'Juddentum an den Islam ëmmer als déi dréi grouss monotheistesch Reliounen duergestallt. Monotheismus ass de Begrëff fir eng Relioun déi un een eenzege Gott gleeft, mä am Chrëschtentum fannen mer Trinitéit, wëll heesche Gott gëtt als dräi verschidde Wiesen duergestallt, als Papp, Jong an hellege Geescht. D'Juddentum an den Islam hu mat dësem Gedanken eng Rei Problemer. An deenen dräi monotheistesche Relioune gleeft een nieft engem Gott och un aner himmlesch Wiesen, gemengt sinn d'Engelen. Dës sinn dëm Gott awer kloer ënnergeuerdent an dofir stellt dat och keen Problem duer.

De Begrëff Monotheismus ass déi éischte Kéier am 17. Joerhonnert opgedaucht, als Géigestéck zum Begrëff Polytheismus, an dat beim engleschen Theolog a Philosoph Henry More. Am Alen Testament ginn awer och scho monotheistesch Gedanken ausgedréckt, z. B. am Jesaja: "Ausser där ass kee Gott" (Jes 44,6.8; 45,5; vgl. 43,11; 64,3) a mer fannen d'Fuerderung vun der allengescher Veréierung vum Gott Israel. Am Alen Testament sinn nach vill ähnlech Aussoen ze fannen. Wat awer kloer gëtt ass, datt d'Existenz vun engem anere Gott net per se bestridde gëtt. Dëst ass verwonnerlech well de Begrëff Monotheismus gëtt definéiert als d'Veréierung vun engem eenzege Gott a keen anere Gott existéiert.

D'Entwécklung am Monotheismus [änneren]

Mat de Gottesaussoen am Deuteronomium an insbesonnesch dn monotheisteschen Aussoen Deuterojesaja si Klärunge vum Gottesverstäadnis erreecht. Et geet am Glawen an an der Relioun awer net nëmmen ëm gedanklech Klärunge mä et geet och ëm Glawenserfarung an ëm déi reliéis Praxis.