Mons Moro

Vu Wikipedia

De Mons Moro, ass e Biergmassiv um Äerdmound. Et ass eng ronn 10 km laang Kamplinn am Südoste vum Mare Cognitum. E gouf 1976 nom italieenesche Geowëssenschaftler Antonio Lazzaro Moro benannt.

Den 31. Juli 1964 ass eng 50 Kilometer nordwestlech vum Mons Moro déi amerikanesch Raumsond Ranger 7 ofgestierzt.

Dem Bierg seng Koordinate sinn: 12° 00' S / 19° 42' W

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie