Mons Rümker
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Mons Rümker, opgeholl vum Apollo 15
De Mons Rümker ass e Vulkanbierg um Äerdmound, zënter 1935 genannt nom däitschen Astronom Karl Rümker. De Mons huet en Duerchmiesser vu ronn 70 km a läit op der Grenz tëschent dem Oceanus Procellarum an dem Sinus Roris. Eenzegarteg ass, datt dëst Biergmassiv aus ville vulkaneschen Doumen zesummegesat ass. Duerch d'Aktivitéit vun de Vulkaner an der Fréigeschicht vum Mound sinn d'Moundmierer enstanen.