Mons Vitruvius
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Mons Vitruvius ass e Bierg um Äerdmound an der Regioun Montes Taurus, nërdlech vum Mare Tranquillitatis a südëstlech vum Mare Serenitatis. Dëse Massiv huet d'selenographesche Koordinaten 19,4° N, 30,8° O, an en Duerchmiesser vun ongeféier 15 km. En heft sech bis zu enger Héicht vun ca. 2,3 km am Nordosten. Den Numm vum Bierg gouf vum Vitruvius-Krater ofgeleet, dee südsüdëstlech steet a nom Marcus Vitruvius Pollio genannt ass.
D'Apollo 17-Missioun hat an Géigend vum Littrow-Krater am Norde vun dësem Bierg gefouert. Verschidde kleng Krateren an der Ëmgéigend vun de Biergspëtzten an der Landeplaz krute vun der IAU en Numm. Déi Nimm sinn an der folgender Tabell notéiert.
| Krater | Selenographesch Koordinate | Duerchmiesser | Nummgiewer |
|---|---|---|---|
| Isis | 18,9 N, 19,0 O | 1 km | Isis (egyptesch Gëttin) |
| Jerik | 18,5 N, 27,6 O | 1 km | skandinavesche männleche Virnumm |
| Mary | 18,5 N, 27,4 O | 1 km | englesch Form vun engem hebräesche weibleche Virnumm |
| Robert | 19,0 N, 27,4 O | 1 km | englesche männleche Virnumm |