Mont-devant-Sassey

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel iwwer Frankräich ass eréischt eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Mont-devant-Sassey
D?Märei

D?Märei
D?Märei
Land Frankräich
Regioun Grand Est
Departement Meuse
Arrondissement Verdun
Kanton Stenay
Postcode 55110
Gemengecode 55345
Koordinaten 49° 24’ 41’’ N
      05° 10’ 03’’ O
Fläch  822 ha
Bevëlkerung  125 (1999)

Mont-devant-Sassey (55345), ass eng kleng franséisch Gemeng am Departement Meuse.

Duerfliewen[änneren | Quelltext änneren]

Et fiert kee Bus op Mont-devant-Sassey. Eeler Leit, déi keen Auto hunn, sinn op Noperen ugewisen. All Dag kënnt e Bäcker laanscht an all Woch eng Epicerie op Rieder. Déi vun der aler Souche ginn ëmmer méi seelen, et bleiwen der just e Grapp voll.

Bäigepraffter sinn zu engem opfälleg groussen Deel aus England an aus Holland, déi do hir Pensiounszäit liewen. Dowéinst sinn d'Präisser vun den Haiser natierlech staark an d'Luucht gaangen.
All Joer gëtt en Duerffest uewe bei der Kierch gefeiert.
Am Duerf ass och kee Bistro méi; dat dréit mat dozou bäi, datt d'sozial Kontakter méi schwéier ginn.

Kierch[änneren | Quelltext änneren]

Mont-devant-Sassey ass besonnesch bekannt wéinst der Kierch Notre-Dame, bei där de Bau an d'eeleft Joerhonnert zeréckgeet, an déi zanter 1869 Monument Historique klasséiert ass.

Entwécklung vun der Awunnerzuel[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[Quelltext änneren]