Montagne Pelée
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D' Montagne Pelée (Geschielte Bierg) ass en aktive Vulkan op der nërdlecher Spëtz vun der franséischer Insel Martinique an der Karibik.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Ausbroch vun 1902
Obwuel ugeholl gouf, datt d'Montagne Pelée erlosch wier, ass dee Vulkan den 8. Mee 1902 ausgebrach an en huet déi deemoleg Haaptstad Saint-Pierre, déi 7 Kilometer südlech vu senger Spëtzt war, total zerstéiert. Iwwer 25.000 Mënsche sinn dobäi ëmkomm, well d'Stad iwwerlaf war mat Flüchlingen aus aneren Uertschaften, déi sech do wollten a Sécherheet brénge viru méi klengen Explosiounen a Bulliswellen aus dem Vulkan, deen de 25. Abrëll ugefaangen hat mat méi klengen Ausbréch. Bei den Affer waren och d'Besatzungen an d' Passagéier vu Schëffer, déi am Hafe vu Saint-Pierre virun Anker louchen.