Montana

Vu Wikipedia
Montana
(Detailer) (Detailer)
Spëtznumm: Big Sky Country
The Treasure State

Lëscht vun alle Bundesstaaten
Haaptstad: Helena
Gréisst Stad: Billings
Gouverneur: Greg Gianforte
Fläch:
 - Total:
 - Waasser:
Op 4. Plaz
380.800 km²
1 %
Bevëlkerung:
 - Total:
 - Dicht:
Op 44. Plaz
1.084.225 (2020)[1]
2,86/km²
Opgeholl als Memberstaat: 8. November 1889 (41ten)
Zäitzon: UTC-7/-6

Montana ass e Staat am Nordweste vun den USA.

Geographie a Bevëlkerung[änneren | Quelltext änneren]

Montana deelt sech eng 877 km laang Grenz mat dräi kanadesche Provënzen: British Columbia, Alberta, a Saskatchewan. Donieft grenzt et am Osten un North Dakota a South Dakota, am Süden u Wyoming an am Westen a Südwesten un Idaho.

Obwuel Montana de véiertgréisste vu 50 US-Bundestaaten ass huet en nëmmen eng ganz kleng Bevëlkerung. Nëmmen zwéin aner Staate si manner besidelt. 2015 gouf geschat, datt e bësse méi wéi eng Millioun Leit am Staat gewunnt hunn, vun deene sech 89,2 % als wäiss Amerikaner, 6,6 % als Indianer, 3,6 % als Hispanic/Latino, 0,8 % als asiatesch an 0,6 % als Afroamerikaner identifizéiert hunn, woubäi ee méi wéi eng Kategorie konnt uginn[1].

Ekonomie[änneren | Quelltext änneren]

D'Ekonomie vu Montana baséiert op der Landwirtschaft. Aner wichteg Secteure sinn d'Fërdere vu fossille Ressourcen (Pëtroll, Gas, Kuelen...) an Tourismus.

D'Duerchschnëttsakommes louch tëscht 2010 an 2014 bei 46.766 US-Dollar pro Stot a 25.977 USD op de Kapp[1].

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Montana – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 census.gov: QuickFacts: Montana