Montes Riphaeus

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Montes Riphaeus (Lat. „Riphäen-Biergketten“) ass e rauë a rëssege Biergzuch um Äerdmound.

Hie läit um westleche resp. nordwestleche Rand vum Mare Cognitum um südëstlechen Enn vum Oceanus Procellarum. Den Héichtenzuch verleeft haaptsächlech vun Nord no Nordost resp. vun Nordnordost no Südsüdwest.

D’Biergkette läit op de geographesche Koordinate 7,7° S, 28.1° W. Den Duerchmiesser ass 189 km. Ongeféier 100 km nërdlech läit de Krater Landsberg.

Kuckt och [änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie