Montes Rook
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Montes Rook, d’Rook-Biergketten – benannt no dem engleschen Astronom Lawrence Rook (1622–1666) – ass e rankfërmegt Biergsystem op dem Äerdmound. Hien ëmschléisst mat enger Längt vu ronn 900 km gänzlech d’Mare Orientale souwéi weider Basaltflächen. Zwéi vun den erstarrte Lavaséien, de Lacus Autumni an de Lacus Veris, leien op der natierlecher Grenz zu de Montes Cordillera.