Montes Taurus
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Montes Taurus ass eng rau Biergketten op dem Äerdmound.
D'Bierger leien op engem Héichplateau am Osten vum Mare Serenitatis op de selenographesche Koordinaten 28,4° N an 41,1° E. D'Biergketten huet en Duerchmiesser vun 172 km; e puer Spëtzten erreechen eng Héicht vun 3.000 m.
An de Bierger ass eng Rei vu Krateren agebett. Am Südweste vum Biergzuch läit de Römer-, am Nordosten de Newcomb-Krater.
Hei waren d'Luna 21 an Apollo 17 gelant.
Och e puer Satellitekrater leien an de Montes Taurus. Den däitschen Astronom Johannes Hevelius hat dem Biergzuch den Numm Taurus-Bierger, deen ierdesche läit an der Süd-Tierkei, ginn.