Monthly Notices of the Royal Astronomical Society
Monthly Notices of the Royal Astronomical Society (MNRAS) ass eng englesch Fachzäitschrëft fir Astronomie an Astrophysik déi a Groussbritannien ¨publizéiert gëtt.
Déi éischt Editioun koum de 9. Februar 1827 als Monthly Notices of the Astronomical Society of London eraus. MNRAS ass zënterhir onënnerbrach eraus koum an ass eng vun de weltwäit eelsten nach existéierende astronomesche Fachzäitschrëfte. Den haitege Numm krut si ab dem zweete Band, nodeem d’Astronomical Society of London d’Royal Astronomical Society (RAS) gi war. Bis 1961 hat d’RAS d’Monthly Notices selwer eraus ginn, zënterhir gëtt si beim Verlag Blackwell Publishers am Optrag vun der RAS publizéiert.
36 Editiounen kommen am Joer eraus a net méi wéi fréier all Mount.
MNRAS gehéiert haut wéi Astrophysical Journal, Astronomy and Astrophysics an den Astronomical Journal zu de féierende Fachzäitschrëften an der Astronomie.