Monument André Koch

Vu Wikipedia
Monument André Koch
Standuert
Typ Monument
Land Lëtzebuerg

D'Monument André Koch steet zu Esch-Uelzecht am Stadpark, um Gaalgebierg. Et gouf vum Escher Verschéinerungsveräin opgeriicht vir un hire verstuerwene President a Grënnungsmember André Koch z'erënneren dee sech fir d'Schafe vum Stadpark agesat hat.

D'Büst vum Monument, déi den André Koch duerstellt, ass e Wierk vum Claus Cito.[1] Si steet op engem Sockel aus Granit dee vun der Stad Esch-Uelzecht gestëft gouf.

Um Sockel steet:

LA SOCIÉTÉ
D'INITIATIVE
ET
D'EMBELLISSEMENT
À SON PRÉSIDENT
ANDRÉ KOCH
1849-1932.

D'Monument gouf den 3. Juli 1932 ageweit. Bei där Geleeënheet huet de Paul Flesch eng Ried gehalen.[2]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Enthüllung des Denkmals für André Koch, In: Escher Tageblatt N° 151 vum 2. Juli 1932
  2. Inauguration du monument André Koch. Allocution Flesch à l'occasion de l'Inauguration du monument André KOCH au Parc public à Esch-Alz, In: Escher Tageblatt N°154 vum 6. Juli 1932