Monument aux morts Hollerech

Vu Wikipedia
Monument aux morts Hollerech
Typ Monument
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Plaz Hollerech
Ageweit 26. September 1965
Héicht 3,20 m
Material Granit
Kënschtler Lucien Wercollier, Péil Schlechter

D'Monument aux morts zu Hollerech ass e Monument zu Éiere vun den Affer aus dem Zweete Weltkrich. Et steet laanscht de Foussgängerwee deen d'Escher Strooss (route d'Esch) mat der Lavandier-Strooss (rue Emile Lavandier) verbënnt.

D'Monument gouf 1965 ageweit. Bei där Geleeënheet koum eng Broschür eraus[1].

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

Et ass ganz aus schwaarzem Granit a besteet aus zwéi monolitheschen Obelisken déi jee 3,20 m an 1,40 m héich sinn, an op engem längelzege Sockel stinn.

Um groussen Obelisk steet:

CE QUE L'ON ENTERRE EST SEMENCE
ANTOINE DE SAINT-EXUPÉRY[2]

Um klengen Obelisk steet:

A NOS MORTS 1940-1945

D'Monument gouf vum Lucien Wercollier entworf. D'Textgravure si vum Péil Schlechter.

D'Monument huet e Gewiicht vu ronn 5 Tonnen[1].

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Monument gouf ursprénglech 1965 beim Kierfecht zu Hollerech mat Hëllef vun enger Souscriptiounslëscht, déi vun engem Organisatiounscomité vun Hollerech opgeluecht gouf, finanzéiert. D'Stad Lëtzebuerg huet den Terrain zur Verfügung gestallt, d'Bëtongsfondatiounen installéiert, an d'Alentouren amenagéiert[1].

De Lucien Wercollier, dee vun Hollerech staamt[3], huet als Benevole matgeschafft. D'Monument gouf vun der Marbrerie Bertrand realiséiert.

D'Monument gouf ufanks der 1980er Joren ewechgeholl, wéi d'Zoufaartsstroossen op d'Escher Autobunn ugeluecht goufen. 1983 gouf et op der haiteger Plaz nei opgeriicht[3].

Aweiung vun 1965[änneren | Quelltext änneren]

D'Monument gouf de 26. September 1965 op senger ursprénglecher Plaz beim Hollerecher Kierfecht ageweit.

Mëttes ass e Cortège vun der Hollerecher Kierch bei den Hollerecher Kierfecht gezunn, wou d'Autoritéiten empfaange goufen, a vu wou aus et weider bei d'Monument goung.

D'Aweiung war a Presenz vum Grand-Maréchal de la Cour, deen de Groussherzog Jean representéiert huet, dem Buergermeeschter Paul Wilwertz, an d'Amabassadeure vu Frankräich a Groussbritannien.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Etringer, N., 1965. Inauguration du monument aux morts 1940-1945 Hollerich 26 septembre 1965. Dréckerei Jos Ewen, Lëtzebuerg-Hollerech. 64 S.
  • Etringer, N., 1989. Liebes, altes Hollerich. Verlag Emile Borschette, 172 S. Dréckerei Joseph Beffort, Lëtzebuerg. Cf. S. 165.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 N. Etringer, 1965.
  2. D'Zitat kënnt aus dem Roman Citadelle vum Antoine de Saint-Exupéry.
  3. 3,0 3,1 N. Etringer, 1989, S. 165.