Monument aux morts Rodange

Vu Wikipedia
Monument aux morts Rodange
Typ Krichsmonument
Land Lëtzebuerg
Gemeng Péiteng
Plaz Rodange
Koordinaten 49°32'54,31"N, 5°50'32,68"O
Ageweit 12. Juni 1949
Material Steen
Kënschtler Claus Cito

D'Monument aux morts zu Rodange ass e Monument, mat deem d'Mamme geéiert ginn, déi e Jong am Zweete Weltkrich verluer hunn.

Zentralfigur ass eng Skulptur aus engem Steeblock vun Euville-Commercy, a weist eng Fra, déi mat gekräizten Hänn do sëtzt an am Trauer no ënne kuckt. De Sculpteur Claus Cito hat den Optrag fir d'Monument am Fréijoer 1947 kritt. Well en eng schwéier Zäit hat, gouft d'Monument ee Joer méi spéit fäerdeg, wéi geplangt, a gouf den 12. Juni 1949 ageweit[1].

D'Monument steet an der Avenue Dr. Gaasch.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Dépliant Circuit Claus Cito, Agence luxembourgeoise d'action culturelle; fir d'Austellung D'Gëlle Fra, 2010.