Monument aux morts vum Maquis de Bagatelle

Vu Wikipedia
Monument aux morts vum Maquis de Bagatelle
D'Kapell Notre-Dame du Maquis
Typ Krichsmonument
Land Belsch
Gemeng Marchin
Koordinaten 50° 25’ 51.40’’ N
      05° 14’ 45.80’’ O

De Monument aux morts vum Maquis de Bagatelle ass e Monument fir gefalen Zaldoten a Resistenzler um Flouer Fond d'Hôtû an der belscher Gemeng Marchin.

Den Numm krut de Maquis vum Schlass Château de Bagatelle, dat eng 500 Meter nordwestlech am Dall vun der Vyle läit, an an deem sengem Ëmkrees sech d'Maquisarden getraff a verstoppt hunn, fir hir Aktiounen duerchzeféieren.

Eng vun hiren Haaptaktivitéite war fir en Terrain op de flaache Felder op der Héicht tëscht Tharoul a Pailhe ze markéieren, op deem déi Alliéiert nuets Waffen a Munitioun parachutéiert hunn. Bei enger vun deenen Aktiounen an der Nuecht vum 6. op de 7. September 1944 hunn do dräizéng Resistenzler a Kämpf mat der Wehrmacht, hiert d'Liewe geloss.

D'Monument besteet aus zwéin Deeler. Um Feldwee dee laanscht d'Schlass eropféiert steet op der Kopp am Ausgank vum Bësch, op der rietser Säit vum Wee eng Kapellchen, op där hire Säiten d'Nimm vu gefalenen an ermuerten Zaldoten a Membere vum Maquis stinn. Eng ronn zweehonnert Meter westlech dovun am Bësch, ass eng Plaz amenagéiert op där dräi Kräizer stinn mat den Nimm vun de Maquisarden déi de 7 September 1944 op där Plaz gefall sinn.